Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drogemarché an Europa: Produktioun geet an d'Luucht

Drogen

Drogemarché an Europa: Produktioun geet an d'Luucht

Europa gëtt ëmmer méi zu enger Regioun, déi selwer Drogen produzéiert. Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi Europol an déi europäesch Drogenagence d'lescht Woch verëffentlecht hunn. Besonnesch bei Kokain wier d'Entwécklung dramatesch.

auto_stories

2 min

Net nëmmen d'Produktioun an Europa selwer wier op Rekordniveau, mee Europa wier och zu enger reegelrechter Dréischeif fir den Export an aner Länner ginn. Dat gëllt virun allem fir Kokain, dat an der ganzer EU disponibel ass.

Kokain: An Europa weiderverschafft

Déi héich Produktiounsquantitéiten a Südamerika hunn zu Rekord-Saisien an Europa gefouert. 2020 dierft de Maartwäert vum Kokain, deen an Europa verkaf gouf, sech op ronn 10,5 Milliarden Euro belafen.

Ronn 3,5 Milliounen Europäer sollen 2020 och Kokain konsuméiert hunn. Wärend d'Basisproduiten haaptsächlech aus Kolumbien, Bolivien an dem Peru stamen, leeft d'Weiderveraarbechtung virun allem a Laboen an der Belsch, an Holland an a Spuenien.

Methamphetamin: De Marché wiisst

Methamphetamin bleift dogéint ee klenge Marché an Europa, deen awer permanent wiisst. Déi syntheetesch Drog gëtt an Europa selwer produzéiert, tëscht 2010 an 2020 huet de Volume vun de Saisie sech verduebelt.

Och hei gëtt a sougenannte "Kiche" produzéiert, d'Produktioun leeft nieft der tschechescher Republik neierdéngs och verstäerkt an Holland an an der Belsch.

Organiséiert Kriminalitéit a Gewaltdote ginn an d'Luucht

Parallel mam Wuesse vum Drogemarché entwéckele sech déi kriminell Strukturen: Europol notéiert en Ausbau vu den internationale Banden.

Als Resultat klëmmt och an Europa d'Zuel vun de kriminelle Gewaltdoten am Kontext vum Drogenhandel.