Radioen

On air

Kultur um 5  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Drogekonsumraim rette Liewen"

Drogepolitik

"Drogekonsumraim rette Liewen"

Drogekonsumraim si bei der Bevëlkerung net ëmmer beléift an dat kann dozou féieren, datt se eréischt mat vill Verspéidung realiséiert ginn. Dowéinst wier politesche Courage néideg, fënnt de Gesondheetsminister Etienne Schneider. Bis datt de Konsumraum zu Esch stoung, hätt et 20 Joer gedauert. Véier Ministeren an dräi Buergermeeschteren hätt et gebraucht, bis datt d'Struktur zu Esch konnt ageweit ginn.

auto_stories

3 min

Bis elo gouf et just een Drogekonsumraum zu Lëtzebuerg: den Abrigado zu Bouneweg. Vun de Leit, déi vun dëser Struktur profitéieren, komme knapp 30 Prozent aus dem Süde vum Land. Déi Escher Sozialschäffin Mandy Ragni ass sech däers bewosst: "Dee Problem besteet zanter längerem". Si ënnersträicht awer, datt ee mam Drogekonsumraum d'Zeen net op Esch beweege wëllt.

Wéi vill Leit wierklech vum Drogekonsumraum Gebrauch wäerte maachen, ass schwéier virauszegesinn. D'Psychologin Martina Kap, Chef de Service vum Kontakt, rechent awer mat 40 bis 50 Leit den Dag. Op sechs Plaze kënnen d'Konsumente sech Droge sprëtzen. Op dräi weidere Plazen an engem separate Raum kënnen Drogen inhaléiert ginn.

Am September soll de Kontakt Esch seng Dieren opmaachen, geréiert vun der Jugend- an Drogenhëllef. Duerch de Konsumraum soll net méi dobausse konsuméiert ginn, seet d'Martina Kap. "Net an Haiseragäng, net op Spillplazen, net op der Strooss."

D'Konsummenten encadréieren

Fir sech am Kontakt Esch kënnen ze picken, muss een eng benotzte Sprëtz matbréngen, déi da géint eng nei a propper agetosch gëtt. Engersäits gëtt esou verhënnert, datt genotzte Sprëtzen an der Géigend ronderëm leien. Anerersäits kënne sech duerch de Gebrauch vu proppere Sprëtzen, Infektiounskrankheete wéi HIV oder Hepatite manner gutt verbreeden.

En aneren Avantage vun Drogekonsumraim ass, datt Konsumenten ënner Opsiicht stinn. Doduerch kann direkt agegraff ginn, wann ee sech eng Iwwerdosis sprëtzt. Lëtzebuerg huet hei e laange Wee hanner sech, erënnert sech den nationalen Drogecoordinateur Dr. Alain Origer. Am Joer 2000 sinn nach 27 Mënschen un enger Iwwerdosis gestuerwen. 2018 waren et der véier.

14 Leit vun der Jugend- an Drogenhëllef schaffen an der Struktur, déi méi wéi just e Konsumraum ass, seet d'Martina Kap. Ënner anerem schaffen Assistant socialen, Infirmieren an Educateuren am Kontakt, déi sech mam Client zesummesetzen a probéieren, mat hinne Projeten auszeschaffen. Déi Escher Sozialschäffin Mandy Ragni erkläert, datt d'Stad Esch och nach zwee Sécherheetsleit wëllt astellen, déi dann oppassen, de Couloir, den Trottoir an hannen de Gaart am A behalen.

Drogekonsum: Eng gesellschaftlech Fro

Verschidde Comportementer kéint een duerch Repressioun net komplett ënnerbannen. Dowéinst wier et wichteg dës Aktivitéiten, déi souwisou stattfannen, esou gutt wéi méiglech ze encadréieren, seet den Alain Origer.

Et kann een e generelle Paradigmewiessel an der Drogepolitik feststellen, deen och an anere Länner stattfënnt. Zu Lëtzebuerg manifestéiert dee sech ënner anerem duerch de Methadon-Substitutiounsprogramm oder de Sprëtzenaustausch am Prisong. Déi geplangte Legaliséierung vu Cannabis gehéiert och dozou.

En drëtte Konsumraum fir den Norden?

Ënner Experten ass ee sech eens, datt op d'mannst nach en drëtte Drogekonsumraum gebraucht gëtt: dat am Norde vum Land, notamment zu Ettelbréck. Den Etienne Schneider deelt déi Aschätzung, erkläert awer, datt de Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun Ettelbréck, sech géint esou eng Struktur wiert: et géif een esou eng Struktur wéi den Abrigado oder de Kontakt net wëllen.

"Ech kann näischt géint de Buergermeeschter maachen", seet de Gesondheetsminister. Dat hätt hien dem Jean-Paul Schaaf och gesot, datt hien näischt géif forcéieren. "Wann de Buergermeeschter net wëllt, da gëtt et näischt", bedauert den Etienne Schneider.