Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drëtt Phas vum Large scale testing

Corona-Pandemie

Drëtt Phas vum Large scale testing

Déi drëtt Phas vum Large scale testing soll spéitstens Mëtt Mäerz ufänken. D'Suite vum Depistage-Programm soll bis op d'mannst Mëtt Juli daueren, esou de Gesondheetsministère. Wann déi epidemiologesch Situatioun et néideg mécht, respektiv wann nach keng sougenannten Herdenimmunitéit erreecht ass, wier och eng Verlängerung bis Mëtt September méiglech.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'CSV-Fraktioun wier net a priori géint eng Verlängerung vum Large scale testing, esou den Deputéierte Georges Mischo, et hätt een awer eng Rei Bedenken. Vun den éischten zwou Phase vum Testprogramm hätt d'Oppositiounspartei gären een detailléierte Bilan.

Large scale testing méi breet opmaachen

Néideg wier dem Georges Mischo no och eng nei Strategie fir d'Schnelltester. D'CSV fuerdert virun allem, datt de Large scale testing opgemaach soll gi fir Leit mat Ordonnance, déi Symptomer hunn. "Dat muss fir eis garantéiert sinn", esou de Georges Mischo. Den CSV-Deputéierten aus dem Südbezierk hält et och fir denkbar, datt aner Typpe vun Tester agesat ginn.

An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf preziséiert, datt Schnelltester op eng cibléiert Manéier am Kader vun dëser Campagne sollen agesat ginn.

Suerge wéinst Virusvarianten an Impfstoffer

D'CSV-Fraktioun ass och der Meenung, datt de Large scale testing wéinst den neie Virusvariante misst verlängert ginn.

Et wier kloer, datt eng Verlängerung och an deem Sënn ze justifizéiere wier, seet d'Josée Lorsché, mee dat wier just een Argument. Soulaang wéi nach net genuch Impfstoffer an de gebrauchte Quantitéite geliwwert wier, géif nach eng Gefor bestoen, esou déi gréng Fraktiounscheffin. "Dofir ass et scho sënnvoll déi Teststrategie bis an den Hierscht eran ze halen", esou d'Fraktiounscheffin vun de Gréngen.

D'Verlängerung vum Large scale testing fir bis zu sechs weider Méint ass e Budget vun iwwer 64 Milliounen Euro virgesinn. Den CSV-Deputéierte Georges Mischo mengt dozou, datt d'Gesondheet vun de Leit "all Präis wäert muss sinn", an "dat kascht dann eben dat, wat et kascht".