Radioen

On air

Moiesstudio  |  Carole Thoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Drëtt Indextranche Enn dës Joers gëtt ëmmer méi wahrscheinlech

Wirtschaft

Drëtt Indextranche Enn dës Joers gëtt ëmmer méi wahrscheinlech

Et gëtt ëmmer méi wahrscheinlech, datt et Enn dës Joers zu enger drëtter Indextranche wäert kommen. Dat deelt de Staatsministère an engem Communiqué mat, nodeems de Statec haut seng lescht Index-Previsioune fir 2023 an 2024 publizéiert huet. D'Inflatioun dierft dëst Joer 3,4 Prozent erreechen an d'nächst Joer 4,8 Prozent.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi et am Solidaritéitspak virgesinn ass, muss elo eng Tripartite aberuff ginn. De Premier Xavier Bettel géif bannent den nächste Wochen den Tripartite-Koordinatiounscomité zesummeruffen, heescht et am Communiqué.

Dëst wier deemno déi zweet regulär Indextranche dëst Joer. Am ganze ginn et der awer dräi: Eng éischt Indextranche war jo op den 1. Februar erfall. Am Abrëll kënnt eng weider Indextranche, déi vu leschtem Juni reportéiert gi war. Wann déi drëtt Tranche kënnt, dann am véierte Semester. Wéini genee se wäert declenchéiert ginn, ass nach net gewosst.

Statec rechent fir 2024 mat Inflatiouns-Schock

De Statec rechent och fir Ufanks 2024 mat engem Inflatiouns-Schock, wann d'Mesuren, déi d'lescht Joer am Tripartite-Accord festgehale gi waren, Enn Dezember auslafen.

De Premier Xavier Bettel huet an engem Tweet geschriwwen, dass eng nei Tripartite fir zousätzlech Sécherheet fir d'Leit a Betriber bedeit: d'Mesure vun der Regierung géif wierken, Lëtzebuerg hätt déi niddregst Inflatioun an der Eurozon. An d'Regierung géif d'Kafkraaft an d'Aarbechtsplazen och iwwert d'Enn vum Joer eraus, ofsécheren.