D'Kompensatioun geet op den Tripartitesaccord zeréck, deen d'Gewerkschaften, d'Patronen an d'Regierung am Mäerz ënnerschriwwen hunn.
Déi blo-rout-gréng Regierung huet sech dozou verflicht, d'Patronen am Fall vun enger drëtter Indextranche ze entlaaschten. Deemno gëtt dës Indextranche finanziell ausgeglach, andeems d'Patronen ee méi klenge Bäitrag un d'Mutualité des employeurs bezuele mussen, an de Staat d'Differenz iwwerhëlt.
An d'Enteprisë bleiwen duerch d'Mutualitéit virun de selwechte Risike geschützt.
Käschte vun 300 Milliounen Euro fir de Staat
D'Mutualité des employeurs gouf 2008 an d'Liewe geruff fir Patrone virun de finanzielle Käschten ze schützen, déi duerch d'Salairë vu kranken oder aarbechtsonfäege Mataarbechter entstinn.
Mat dëser Mesure spueren d'Entreprise vun elo u bis nach de Januar inclus pro Mount 60 Milliounen Euro, wat de Staat iwwer 300 Milliounen Euro kascht.
Mee nëmmen Entreprisen, déi och an d'Mutualité des employeurs abezuelen, kënne vun dëser Entlaaschtung profitéieren.
Den aktuelle Previsiounen no kéinten d'Paien dann an engem Joer, am drëttem Trimester 2024, eng weider Kéier un d'Inflatioun ugepasst ginn. De Statec geet weiderhin dovun aus, datt d'Inflatioun an der Moyenne dëst Joer bei 3,9 Prozent, an d'nächst Joer bei 2,5 Prozent läit.