Radioen

On air

De Moien  |  Sophie Hunger - Security Check

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréchent bei de Wënzer

Wéineg Reen, vill Hëtzt

Dréchent bei de Wënzer

Op de Wäiparzelle vum Wënzer Max Duhr zu Wuermer feelt de Reen. Déi momentan Dréchent verännert den Aarbechtsalldag vum 33 Joer ale Wënzer a senge Mataarbechter vum Betrib Aly Duhr. Zanter 2017 vermierkt hien ënner de Wënzer en Trend vu méi waarme Summeren a méi dréchene Fréijoren - zemools jonk Rief Stäck leiden dorënner.

auto_stories

3 min

Dëst Joer ass extreem wéineg Ree gefall, dorënner leiden zemools déi jonk Rief Stäck.

Lauschterenplay_arrow


D'Wäi Rief ass am Fong eng Planz, déi gutt mat dréchene Perioden eens gëtt. Wëll dëst Joer extreem wéineg Ree gefall ass, geet et awer virun allem de jonke Planzen net gutt.

Méi Waasser fir d'Planzen

Wéinst der Dréchent kréien déi jonk Planzen all puer Deeg 15 Liter Waasser, am Fall vum Betrib Aly Duhr ass dat Drénkwaasser aus enger Quell vun der Gemeng. Dëst geschitt duerch eng "Lanz", dat ass ee Schlauch mat enger Spëtzt, déi een an de Buedem stécht, fir datt d'Waasser esou no wéi méiglech un d'Wuerzel kennt. Dat kascht de Max Duhr Zäit an Aarbecht:

"Wat ech déi lescht zwou Woche maachen, ass nëmmen nach nätze goen. Dat huet ee fréier net sou missten an deem Ëmfang maachen."

D'Nätze gëtt deels mat der Lanz an der Hand gemaach, oder et installéiert ee Schläich an der ganzer Parzell fir datt dat méi automatesch geschitt.

Iwwer dënn Schläich kënnen d'Wéngerten op der Musel genat ginn.

Et ginn awer och Methoden, fir datt de Buedem d'Waasser besser späichere kann. Eng Method wär, datt een de Buedem méi beaarbecht, esou de Max Duhr:

"Den Effekt ass am Fong deen, datt wann de Gruber duerch de Buedem fiert, hien d'Kapillaren am Buedem brécht. A wann d'Sonn dann op de Buedem drop schéngt, kann d'Sonn net méi duerch d'Kapillarwierkung d'Waasser aus méi déiwe Schichten eropzéien, well do dotëschent eng gebrache Schicht ass."

Wann d'Waasser bei de jonke Rief feelt, da schmaacht een dat och, erkläert de Wënzer. D'Moschtgewiicht, also den Zockergehalt an den Drauwen ass dann net esou héich wei soss. Dorënner leit dann och d'Qualitéit vum Wäin.

Un de Vergielunge vun de Blieder erkennt een, datt et dëser jonker Planz net gutt geet.

Manner Pilzbefall wéinst waarmem Klima

Ee Virdeel vum Klima wär awer, datt d'Rief Stäck manner wéinst Pilzbefall missten traitéiert ginn. Dat alles ass fir de Max Duhr een däitlechen Trend vum Klimawandel:

"Wou ech nach ee Jong war, hu mir am Oktober mat der Lies ugefaangen a mir waren am November fäerdeg. Wann d'Griewer un Allerhellegen oder Allerséile geseent goufen, do ware mir nach matten an der Lies a säit fënnef, sechs Joer si mir meeschtens am Oktober scho fäerdeg an deelweis och schonn am September."