Déi komplett verdréchent Wisen, Felder a Bëscher sinn engem haut nach virun Aen. Et huet gereent an de leschte Wochen an och wann de Februar nees extrem dréche war, ass d'Situatioun momentan éischter entspaant, erkläert d'Brigitte Lambert, zoustänneg fir Grond- an Drénkwaasser bei der Gestion de l'eau.
Aktuell wieren d'Niveaue vum Grondwaasser nach relativ normal, genee wéi d'Debite vun de Quellen. Déi Situatioun kéint sech an den nächste Joren awer änneren an et kéint och puntuell relativ séier kritesch ginn.
D'Rechargeperiod fir d'Grondwaasser gëtt ëmmer méi kuerz
Och d'Situatioun um Stauséi presentéiert sech momentan normal, d'Drénkwaasserressource gëtt an den nächste Wochen vun aktuell 316,7 op 319,5 Meter klamme gelooss. Domat dierften opmannst déi Gemengen déi un de Sebes-Syndikat ugeschloss si keng Problemer kréien.
Et wier awer net all Gemeng un de Syndikat ugeschloss, beispillsweis Gemengen déi Eegeversuerger sinn. Dofir kéint d'Situatioun op lokalem Plang anescht ausgesinn an dofir kéint et och op lokalem Niveau zu Enkpäss kommen.
D'Onsécherheet wéinst dem zukünftegen Nidderschlag mam Klimawandel, de Populatiounsdrock deen zouhëlt an d'Serie vun dréchene Joren sinn awer Warnzeechen. D'Grondwaasser fëllt sech just wärend de Wanterméint op, wann d'Planzen net alles ewech suckelen. Engersäits brauch d'Waasser am Hierscht méi laang bis et duerch déi ausgedréchent Schichten d'Grondwaasser nofëllt, ob der anerer Säit verlängert sech d'Vegetatiounsperiod, seet d'Brigitte Lambert. "Dodurech gëtt d'Rechargeperiod tendenziell ëmmer méi kuerz."
Sou vill wéi méiglech Wasser aspueren
Fir Iwwerraschungen auszeschléissen, wëll een an der Waasserwirtschaft d'Situatioun op jidder Fall genee am A behalen.
"Dat heescht och mir mussen elo schonn alleguerten zesumme vigilant sinn wat eis Drénkwaasserreserven ubelaangt an och alleguerten zesummen duerch kleng Gesten déi mer am Alldag kënnen duerchféieren dru schaffen, fir ebe manner Waasser ze verbrauchen."
Fir net iwwerrascht ze gi gouf eng speziell Strategie ausgeschafft. Sou solle sou vill Quelle wéi méiglech propper gehale ginn, fir datt ee se kann notzen, op der anerer Säit kënnen technesch Installatioune wéi Spuer- Duschkäpp hëllefen d'Demande ze bremsen. Och den Asaz vu sougenanntem Growaasser, also licht verschmotztem Waasser an Toiletten ass eng Optioun déi schon dacks installéiert gëtt. Derbäi kënnt en neit EU Reglement mat deem Waasser aus Kläranlage kann an der Landwirtschaft agesat ginn.