Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Reform vum Ombudsman ass ausbliwwen

Trotz verankerung am Koalitiounsaccord

D'Reform vum Ombudsman ass ausbliwwen

Anescht wéi am Koalitiounsaccord vun der Regierung virgesinn ass d'Gesetz iwwer den Ombudsman an dëser Legislaturperiod net reforméiert ginn. D'Missioun, fir bei Reklamatiounen tëscht dem Bierger an dem Staat ze vermëttelen, gouf deemno net op Zerwisser erweidert, déi de Staat u privat Acteuren delegéiert. Zum Beispill ass den Ombudsman dowéinst weiderhin net fir Alters- a Fleegeheemer zoustänneg.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Firwat d'Reform nach ëmmer schleeft? Well wéinst der Verfassungsreform Zäit gefeelt huet, ass d'Äntwert, déi ee vum President vun der Chamber-Institutiounekommissioun kritt. De Mars Di Bartolomeo betount awer och, datt net näischt geschitt ass.

"Fir d'éischt muss ee jo Mol soen, datt den Ombudsman seng Entrée an d'Verfassung fonnt huet."

Amplaz den Ombudsman ze reforméieren huet d'Chamber eng aner Initiativ geholl. Mam Zil fir Synergien tëscht dem Ombudsman, dem Centre pour l'égalité de traitement, an dem Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlecher ze erméiglechen. Also dräi Strukturen, déi un d'Chamber rattachéiert sinn, an déi ee gemeinsame legale Kader solle kréien.

"Dat soll finaliséiert gi bis den Hierscht. Enn Summer, Ufank Hierscht. An da muss eng nei Institutiounekommissioun hir politesch Responsabilitéit iwwerhuelen."

D'Kompetenze vum Ombudsman sollen erweidert ginn

No de Wale muss also tranchéiert ginn: Wéi wäit soll d'Zesummenaarbecht goen? Soll ee sech administratiivt Personal deelen, oder vläicht souguer fusionéieren? De Mars Di Bartolomeo leet sech hei nach net fest a seet just: eng méi enk Zesummenaarbecht géif Sënn maachen.

D'Kompetenze vum Ombudsman sollen awer egal wéi erweidert ginn. Notamment fir datt Bierger och géint privat Acteure kéinte reklaméieren, déi am Optrag vum Staat ëffentlech Déngschtleeschtungen assuréieren, also zum Beispill Alters- a Fleegeheemer, awer och Crèchen oder Foyeren.

"Fir mech ass et ganz kloer, datt den Ombudsman d'Kompetenz an deenen Etablissementer, déi Dir genannt hutt, soll kréien."

Bleift ofzewaarden, ob eng nächst Regierung dat an hire Koalitiounsaccord schreift - an et déi Kéier dann och ëmsetzt.