Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréchent: Impakt op Projet 'Minetter Schof'

Ëmwelt

Dréchent: Impakt op Projet 'Minetter Schof'

Op zéng Plazen am Minett ginn amplaz vu Maschinnen, Schof op Terraine gelooss, fir dës ze beweeden. Wéinst dem Wierder dëst Joer kënnen d'Deieren awer net sou laang wéi gewinnt op de Wise bleiwen.

auto_stories

2 min

De Projet vun der Ëmwelt-Initiativ "Minett Unesco Biosphere", dem Syndikat "PRO-SUD" an der Naturverwaltung soll d'Biodiversitéit an der Regioun schützen.

Op zéng Plazen am Minett ginn amplaz vu Maschinnen, Schof op Terraine gelooss, fir dës ze beweeden. D'Schof grasen d'Wiesen of an droe gläichzäiteg Som vun enger Platz op déi aner. Sou kéint een zu enger Artevillfalt bäidroen.

Roulement Joer fir Joer

Dës Wanderbeweedung leeft no engem präzise Plang of, dee vun der Naturverwaltung opgestallt gëtt. Am Virfeld ginn déi verschidde Sitten ausgesicht a seele Planzen ausclôturéiert, iert de Schofsziichter Pol Kail am Mee mat de Schof rausgeet:

"Normalerweis si mir da bis Mëtt November oder ufanks Dezember dobaussen. Dëst Joer wäerte mir warscheinlech bëssen éischter fäerdeg si mat der Bewedung vu datt déi klimatesch Verhältnisser dëst Joer schlecht sinn. An d'Schof kommen dann herno nach bei eis op den Haff, eng sechs Woche wou se da konventionell Flächen da beweede bei eis doheem, an d'Oflaame fänkt dann am Januar un. Do fänken se un Klenger ze kréien, an sou huet dat dann ee Roulement all Joers, Joer fir Joer."

D'Fleesch gëtt kommerzialiséiert

Agesat ginn eng 300 rout Ardenne-Schof plus hir Lämmercher, déi zu Lëtzebuerg vum Ausstierwe menacéiert sinn. Et ass am Fong keng Fleeschrass; an awer gëtt hiert Fleesch kommerzialiséiert fir nieft Agrarsubsiden eng weider Finanzéierung fir de Projet Minetter Schof ze hunn.

Dat ass awer net den eenzege Grond, esou den Laurent Schley, den directeur-adjoint vun der Naturverwaltung: Schof wieren natierlech Notzdéieren, an et géif wuel kaum e bessert Fleesch "wann een iwwerleet wou déi Déieren sech ernieren, op engem komplett aarteräiche Planzespektrum, wou se dann natierlech ganz vill Kraider iessen"

Geplangt ass fir d'Zesummenaarbecht mat verschiddene Restauranten a Commerce am Land auszebauen.