Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bodega - Jack In Titanic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräispureg Autobunne géint de Stau?

Logistik

Dräispureg Autobunne géint de Stau?

D'Autobunnen zu den Nopeschlänner ausbaue wier eng Léisung fir de Stau, deet den Direkter vum "Cluster for Logistics", Malik Zeniti. Eng aner méiglech Mesure wieren zäitlech gestaffelt Aarbechtszäiten, fir d'Auslaaschtung vun den Autobunnen net op eng kuerz Zäit ze bündelen.

auto_stories

2 min

Et wier ideal wann all d'Autobunnen an d'Nopeschlänner dräispureg wieren, seet de Malik Zeniti, den den Direkter vum "Cluster for logistics". D'Camionschauffere géifen an de Spëtzestonne versichen, déi blockéiert Stroossen ze evitéieren.

Ganz schwiereg wier d'Verkéierssituatioun beim Findel am Raum Sandweiler-Contern, wou fir d'Industriezon eng zousätzlech Autobunnsoffaart géif envisagéiert ginn. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister hätt verstanen, datt eng Logistik ronderëm de Fluchhafen net méiglech wier, wann dee "Bottleneck" net géif verbessert ginn.

Et géif vum Ministère en Effort gemaach ginn, "fir dat e bësse méi flësseg ze maache, vue datt mir do relativ grouss Firmen hunn déi mam Fluchhafen zesumme schafen. Déi kënnen natierlech net aus dem Lager eraus fueren an do am Stau stoen", seet de Malik Zeniti.

Upassung vun Aarbechtszäiten?

Momentan wieren iwwer 3.000 Aarbechtsplazen an där Industriezon, an et géifen der 6.000 ginn. Eng méiglech Léisung wier och, fir d'Aarbechtszäiten zäitlech ze staffelen.

"Déi Spëtzestonnen déi normalerweis 1,5 Stonne sinn, déi iwwer 2-3 Stonnen ze strécken, an da ginn déi Stroosse besser duer wéi haut. Do sinn Diskussioune mam Ministère a mat allen Acteuren aus der Industriezone wat fir Méiglechkeeten et gëtt."

Ee Betrib géif konkret driwwer nodenken, den Ufank vun der Schicht eng Stonn no vir ze verleeën.