Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräier-Koalitioun vs Zweeër-Koalitioun

Chamberwahlen 2018

Dräier-Koalitioun vs Zweeër-Koalitioun

Hie wier ee "grousse Frënd vun der Dräier-Koalitioun", seet de François Benoy vun déi gréng. De Paul Galles vun der CSV bedauert, datt no de Wahlen eng schwaarz-gréng Koalitioun net méiglech war. Béid Stater Gemengeréit goufen direkt an d'Chamber gewielt.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

play_arrow
Paul Galles (CSV) a François Benoy (déi gréng)

Eng Zesummenaarbecht tëscht CSV an déi gréng wier sécher méiglech gewiescht, wa si dem Wieler-Optrag entsprach hätt, seet de François Benoy. Perséinlech wier hien awer der Meenung, datt et do méi schwéier gi wier, fir Konvergenzen ze fannen, wéi an der Konstellatioun, déi sech elo nees undeit. Den zukünftegen CSV-Deputéierte Paul Galles gesäit dat aneschtes.

"Ech denken, datt mer eng ganz Rei Gemeinsamkeete fonnt hätten, fir eng stabil schwaarz-gréng Koalitioun op d'Been ze kréien. Viraussetzung wier gewiescht, datt natierlech genuch Sëtz zesumme komm wieren. Et wier eng stabil Zweeër-Koalitioun gewiescht. Et hätt ee kënne ganz anescht matenee schaffen. Ech hätt mech driwwer gefreet, well et gëtt och schonn am Ausland respektiv och hei am Land scho Beispiller, wou dat funktionéiert. Fir mech wier et ganz interessant gewiescht all déi Elementer, déi mer allen zwee dann zesumme bréngen, an eng Koalitioun anzebréngen."

Auslänner automatesch op Wielerlëschte fir d'Gemengewahlen androen?

De François Benoy, studéierte Politolog a Soziolog, huet seng Ofschloss-Aarbecht op der Uni iwwer d'Thema "politesch Exklusioun vun Auslänner an Demokratien" geschriwwen. Een Thema, dat jo ganz aktuell ass hei am Land, well d'Lëtzebuerger, déi eleng d'Wahlrecht hunn, geschwënn net méi an der Majoritéit sinn. Dat geheit Froen iwwer d'demokratesch Legitimatioun vun der Chamber op. De Referendum vun 2015 hätt an där Fro "leider eng Rei Fakte geschaf. D'Fro, trotzdeem, stellt sech nach ëmmer. An ech mengen d'Politik an d'Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg kënne sech deem net weider entzéien."

Et misst een driwwer nodenken, ob een d'Auslänner bei den nächste Gemengewahlen net automatesch op d'Wielerlëschten aschreiwe sollt - als eng éischt Moossnam géint den Demokratie-Defizit, deen hei am Land ëmmer méi grouss géif ginn, esou nach den zukünftege gréngen Deputéierten.