Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräimol méi Demandë fir lëtzebuergesch Nationalitéit

Tëschebilan vum Nationalitéitegesetz

Dräimol méi Demandë fir lëtzebuergesch Nationalitéit

2017 wier nach eng Iwwergangsphas an d'Zuel vun de Leit, déi zënter der Reform vum Gesetz d'lëtzebuergesch Nationalitéit kruten, wier nach relativ niddereg an net representativ, seet de grénge Justizminister Félix Braz. Et ass nach keng Zuel bekannt, wéi vill Leit de Lëtzebuerger Pass kruten. Et kéint een awer d'Zuel vun de Leit vergläichen, déi d'Nationalitéit ugefrot hunn.

auto_stories

4 min

Felix Braz

Wann een d'Méint Oktober an November als Grondlag géing huelen, da kéint een duerchaus e Verglach maachen, seet de Felix Braz. Allerdéngs wier dat eng Héichrechnung op Grond vun deenen zwee Méint, déi op ee Joer géifen héichgerechent ginn. Mam neie Gesetz géife ronn dräimol sou vill Demanden erakommen, wéi mam ale Gesetz. Dat wier eng spektakulär Zuel.

Dobäi consideréiert de Félix Braz nëmmen déi Demanden, déi ënnert d'Naturalisatioun an d'Optioune falen an net ënnert d'Recouvrementer, un deenen näischt duerch d'Reform geännert huet. Duerch de Recouvrement géifen zënter 2009 all Joer tëschent 3.000 a 4.000 Leit, déi lëtzebuergesch Virfaren hunn, d'Nationalitéit ufroen. Dat geet awer nëmmen nach bis Ënn 2018. 95 Prozent vun de Leit, déi iwwert dëse Wee d'Nationalitéit kréien, wiere keng Residenten.

Politesch Positiounen

D'Reform vun den Naturalisatiounen hat beim Vote an der Chamber am Februar dëst Joer fir Diskussioun gesuergt. D'Residenzdauer ass hei erëm op fënnef Joer erofgaangen. Ënnert dem fréiere CSV-Justizminister Luc Frieden war d'Dauer 2009 vu fënnef op siwen eropgaangen. Beim Sproochentest, deen ee packe muss fir naturaliséiert ze ginn, gëtt et zënter Abrëll d'Méiglechkeet ze kompenséieren. Dat war der Oppositiounspartei adr, déi als eenzeg géint d'Gesetz gestëmmt hat, en Dar am A. Et hätt ee kéinte mam Droit du sol liewen, sot deemools den adr-Deputéierte Roy Reding an der Chamber. Och mam Erofsetze vun der Residenzklausel vu siwen op fënnef Joer, hätt ee kee Problem. Mam Erofsetze vun de Sproochkenntnisser war d'adr awer net averstanen.

Den aktuellen Zuele vum Justizministère no hunn tëschent Abrëll an November awer nëmme ronn 400 Persounen d'Nationalitéit iwwert de Wee vun der Naturalisatioun ugefrot. 2016 waren et der insgesamt knapp 3.000. Dat géif doruleien, datt vill Leit, déi virdrun dëse Wee ageschloen hätten, elo aner Méiglechkeeten hätten, esou de Félix Braz. Eng grouss Neierung zënter Abrëll ass den Droit du sol vun der éischter Generatioun. Kanner, déi zu Lëtzebuerg op d'Welt kommen a vun deenen op d'mannst een Elterendeel ee Joer virun der Gebuert zu Lëtzebuerg gewunnt huet, kréie mat 18 Joer automatesch d'lëtzebuergesch Nationalitéit. 904 jonk Leit hu schonn dovu profitéiert.

Leit, déi op d'mannst schonn 20 Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn, musse kee Sproochenexame méi maachen, fir d'Nationalitéit ze kréien, mä nëmmen nach e Cours vu 24 Stonnen ouni Examen. Zënter Abrëll krute knapp 1.200 Leit op dëse Wee d'Nationalitéit. Virdru kruten d'Leit, déi viru 1985 an d'Land komm sinn, eng Dispens vum Examen. De Félix Braz hat all d'Parteien, also och d'Oppositioun, consultéiert, ier hien de Gesetzprojet deponéiert hat. Eng Approche, déi de CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler beim Vote an der Chamber am Februar gelueft hat.

Nach ëmmer een Demokratiedefizit

De Félix Braz betount haut wéi deemools, datt d'Reform vum Nationalitéitegesetz den demokrateschen Defizit, deen doduerch entsteet, datt den Undeel vu Leit, déi d'Wahlrecht hu par Rapport zu der ganzer Populatioun kontinuéierlech erofgeet, net behiewe kann. Et géifen nämlech an der Moyenne all Joer ronn 12.000 nei Leit op Lëtzebuerg kommen. De Justizminister rechent awer op Grond vun den aktuellen Zuelen domat, datt duerch d'Reform vum Nationalitéitegesetz d'Zuel vu Leit, déi d'Nationalitéit kréien op néng bis zéng Dausend pro Joer eropgeet.

Mam neie Gesetz géif een et fäerdeg bréngen, den Taux vu Leit, déi net wiele ginn, staark ze bremsen. Dat géif awer net duergoen, fir den Trend nees ëmzedréinen. Ausser déi lëtzebuergesch Ekonomie géing an de nächste Joren erëm däitlech méi lues dréinen. An deem Zeenario kéint dat neit Nationalitéitegesetz bewierken, datt déi Zuel sech géing stabiliséieren oder souguer réckleefeg kéint ginn.

De Justizminister Félix Braz zitt deemno e positiven Tëschebilan, néng Méint nom Akraafttriede vum neien Nationalitéitegesetz. Hie bleift bei senger Positioun, datt ee méi Abiergerungen an e Wahlrecht fir Residente brauch, fir den demokrateschen Defizit ze behiewen.

Réckbléck iwwer d'Nationalitéitegesetzplay_arrow