D'Demokratesch Partei wënscht sech also, an Zukunft méi staark um Gemengenniveau vertrueden ze sinn. "Mir wëllen déi liberal Stëmm a méi Gemengeréit héieren", sot d'DP-eneralsekretärin.
D'Carole Hartmann huet och ugekënnegt, datt d'Gemenge beim Theema Klimaschutz eng Virbildfunktioun solle spillen. Mëttelfristeg sollten d'Gemenge klimaneutral sinn.
DP fuerdert "Tiers-payant" fir staatlech Subventiounen
Mee och op nationalem Plang soll de Klimaschutz verstäerkt ginn, huet de Parteipresident Lex Delles däitlech gemaach. D'Subsiden am Beräich erneierbar Energie sollen direkt op der Handwierkerrechnung ofgehale ginn.
"Jo, d'DP fuerdert hei ganz kloer den Tiers-payant fir staatlech Subventiounen."
Déi grouss Gewënner dovu wieren d'Leit an d'Klima. Donieft huet de Lex Delles gefuerdert, datt séier e Biergerfong an d'Liewe geruff gëtt.
Deemno soll all Bierger e garantéierte Rendement fir säin Invest kréien an déi ëffentlech Hand soll doduerch déi noutwendeg Moyene kréie fir méi Logementer ze schafen.
Xavier Bettel: Keng Aarbechtszäitverkierzung a keng Ierfschaftssteier
De Xavier Bettel huet um Kongress seng Bereetschaft erkläert, op en Neits DP-Spëtzekandidate fir d'Chamberwalen ze sinn. Hie wier awer net bereet, Premier ze ginn, just fir Premier ze sinn.
"Wann ech héiere wat déi lescht Wochen a Méint vu verschiddene Leit gefrot gëtt, sinn ech net bereet Premierminister ze sinn, an engem Land wou mer probéiere Wirtschaft géint Salariat opzestëppelen. Ech sinn net bereet Premierminister ze sinn an engem Land wou een de Betriber seet, mir maachen eng Aarbechtszäitreduktioun."
De Xavier Bettel huet sech och géint eng Ierfschaftssteier ausgeschwat. Een Dag nom neien Tripartitesaccord, huet de Premier ënnerstrach, wéi wichteg et wier, datt d'Staatsverschëldung net iwwer 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung klëmmt.