Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Das Radial - Liebes Drang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP-Slogan fir d'Gemengewalen: "​No bei dir"

Walcampagne

DP-Slogan fir d'Gemengewalen: "​No bei dir"

"No bei dir", mat dësem Slogan zitt d'DP an d'Gemengewahlen am Juni. Um Kongress de Samsdeg op Esch-Belval - 95 Deeg virum Wahlsonndeg - gouf d'Campagne presentéiert. "Mir wäerten dëst Joer zu engem bloe Joer maachen", gouf ugekënnegt. Mat iwwer 630 DP-Kandidaten hofft d'Partei méi Sëtz, wéi bis elo an de Gemengeréit ze kréien. De Moment ginn et 18 DP-Buergermeeschteren an 177 Mandatairen an de Gemengen.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

D'Demokratesch Partei wënscht sech also, an Zukunft méi staark um Gemengenniveau vertrueden ze sinn. "Mir wëllen déi liberal Stëmm a méi Gemengeréit héieren", sot d'DP-eneralsekretärin.

D'Carole Hartmann huet och ugekënnegt, datt d'Gemenge beim Theema Klimaschutz eng Virbildfunktioun solle spillen. Mëttelfristeg sollten d'Gemenge klimaneutral sinn.

DP fuerdert "Tiers-payant" fir staatlech Subventiounen

Mee och op nationalem Plang soll de Klimaschutz verstäerkt ginn, huet de Parteipresident Lex Delles däitlech gemaach. D'Subsiden am Beräich erneierbar Energie sollen direkt op der Handwierkerrechnung ofgehale ginn.

"Jo, d'DP fuerdert hei ganz kloer den Tiers-payant fir staatlech Subventiounen."

Déi grouss Gewënner dovu wieren d'Leit an d'Klima. Donieft huet de Lex Delles gefuerdert, datt séier e Biergerfong an d'Liewe geruff gëtt.

Deemno soll all Bierger e garantéierte Rendement fir säin Invest kréien an déi ëffentlech Hand soll doduerch déi noutwendeg Moyene kréie fir méi Logementer ze schafen.

Xavier Bettel: Keng Aarbechtszäitverkierzung a keng Ierfschaftssteier

De Xavier Bettel huet um Kongress seng Bereetschaft erkläert, op en Neits DP-Spëtzekandidate fir d'Chamberwalen ze sinn. Hie wier awer net bereet, Premier ze ginn, just fir Premier ze sinn.

"Wann ech héiere wat déi lescht Wochen a Méint vu verschiddene Leit gefrot gëtt, sinn ech net bereet Premierminister ze sinn, an engem Land wou mer probéiere Wirtschaft géint Salariat opzestëppelen. Ech sinn net bereet Premierminister ze sinn an engem Land wou een de Betriber seet, mir maachen eng Aarbechtszäitreduktioun."

De Xavier Bettel huet sech och géint eng Ierfschaftssteier ausgeschwat. Een Dag nom neien Tripartitesaccord, huet de Premier ënnerstrach, wéi wichteg et wier, datt d'Staatsverschëldung net iwwer 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung klëmmt.