Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP: Kee fiskalen Dumping zu Lëtzebuerg organsiéieren

Chamberwahlen 2018

DP: Kee fiskalen Dumping zu Lëtzebuerg organsiéieren

D'DP wëllt d'Betribsbesteierung fir Kleng- a Mëttelbetriber erofsetzen. Ëm wéi vill konkret den Taux, deen aktuell bei 18 Prozent leit, soll erofgoen, wollt den DP-Spëtzekandidat a Premier Xavier Bettel awer net soen. Dat géif vum internationale Kontext ofhänken, Lëtzebuerg misst kompetitiv bleiwen. Hie wéilt awer och kee Steierdumping bedreiwen, seet de Xavier Bettel. Fir nei a sougenannt innovativ Betriber leit de Besteierungstaux souguer bei 15 Prozent.

auto_stories

2 min

Et wéilt ee keng "Course ufänken", bei där d'Betriber dono keng Steiere méi bezuele missten, seet de Xavier Bettel. Lëtzebuerg bräicht eng "Equité fiscale". Op d'Fro, wéi wäit hien d'Steierlaascht fir Entreprisë wéilt erofsetzen, äntwert de Xavier Bettel, datt Lëtzebuerg sech dem internationale Kontext upasse misst. Lëtzebuerg misst awer och kompetitiv bleiwen.

"Ech fänken net un, en Dumping fiscal hei zu Lëtzebuerg ze organiséieren, wou mir der Meenung sinn, wann d'Betriber an Irland zéng Prozent bezuelen, datt mir da mussen op néng Prozent erofgoen." Hie wier sech der politescher Responsabilitéit bewosst, sou de Xavier Bettel. "Ech kann net vu engem Bierger verlaangen, datt dee 40, 45 oder 50 Prozent bezilt, an dono e Betrib zéng, eelef oder néng Prozent." Och fir d'Stéit annoncéiert d'DP an hirem Wahlprogramm eng Steierreform.

Inegalitéiten an der Besteierung ophiewen

Bei de Stéit wëllt d'DP eng Individualiséierung aféieren, déi der Zuel vun de Kanner Rechnung dréit. Hautdesdaags misst een den Accent méi op eng individuell Besteierung leeën. Et wier net normal, datt eng bestuete Koppel, an där ee Partner 4.000 de Mount verdéngt manner Steier misst bezuelen, wéi eng Koppel, an där déi zwee Partner jee 2.000 Euro géife verdéngen, seet de Xavier Bettel.

"Dat geet net. Et kann net sinn, datt et eng Inegalité fiscale gëtt vis-à-vis vun der Situatioun, ob een zu zwee schafft, ob een eleng schafft, ob ee bestuet ass oder net bestuet ass."

Iwwer de Käschtepunkt vun esou enger Steierreform fir Stéit a Betriber wollt de Xavier Bettel näischt soen. De gratis ëffentlechen Transport, wéi vun der DP am Wahlprogramm virgeschloen, wäert eng 30 Milliounen Euro kaschten. Déi annoncéiert gratis Musekscourse fir Kanner huet hien net chiffréiert.