Déi dräi Koalitiounsparteien hätten an hirem Accord Klimaziler festgeschriwwen. "An dat heescht jo och, datt mer do determinéiert waren fir déi Ziler zesumme mat de Koalitiounspartner ëmzesetzen." Elo géif et drëms goen fir de beschte Wee ze sichen, fir déi Ziler ze erreechen, sou den Eugène Berger. D'DP géif a Saache Klimaschutz net op der Brems stoen, mee wier e Verfechter vun enger ambitiéiser Klimapolitik. Den DP-Fraktiounschef nennt mam gratis ëffentlechen Transport a Subside fir erneierbar Energien zwou Mesuren déi scho méi laang bekannt sinn.
D'Decisioun vum Ethikcomité ofwaarden
Nieft inhaltlechen Ausernanersetzungen, gouf et a leschter Zäit awer och e puer mol Diskussioune ronderëm eenzel Ministeren. Ënnert anerem d'Familljeministesch Corinne Cahen war an d'Kritik geroden, well si eng Mail mat hirem Ministesch-Account un de Stater Geschäftsverband geschéckt hat.
Mussen d'Verhalensreegele fir d'Ministeren also verschäerft ginn? Den Eugène Berger positionéiert sech dozou net. Hie wëllt nämlech ofwaarde wat den Ethikcomité zum Fall "Cahen" seet. "A wann do Handlungsbedarf ass, da sinn ech iwwerzeegt, datt net nëmmen d'Koalitiounsparteien, mee datt all d'Parteien dat wäerten änneren."