Radioen

On air

Tockcity  |  Wookie - Salt and Pepper Feat. Tom Dunne

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Doud vum Prigoschin gemellt, Spekulatiounen an Zweiwel bleiwen

Ukrain-Krich

Doud vum Prigoschin gemellt, Spekulatiounen an Zweiwel bleiwen

Zanter der Meldung vum vermuttlechen Dout vum Wagnerchef Jewgeni Prigoschi ginn et éischt international Reaktiounen. Bis elo ginn et nach vill Spekulatiounen, wat genau geschitt ass. De Cyrill Hill erkläert, wat ee mat Sécherheet weess a wat net.

auto_stories

2 min

Wat ee sécher soe kann ass, datt gëschter ee Fliger vum Wagnergrupp ofgestierzt ass, dee vu Moskau op Sankt-Péitersbuerg ënnerwee war, wou den Haaptsëtz vum Söldnertrupp ass. Vun der staatlecher Flugautoritéit ass bestätegt, datt de Prigoschin op der Passagéierlëscht war. Och de Grënner vum Grupp, den Dmitri Utkin, steet op dëser Lëscht vun zéng Persounen.

Wat ass alles nach net kloer?

Ob se och u Bord waren ass domat net zu 100 Prozent gewosst. Déi russesch Autoritéiten hunn den Dout nach net bestätegt. Den offiziellen Telegram-Kanal vum Wagnergrupp schreift, datt de Prigoschin gestuerwen, bezéiungsweis ofgeschoss gouf. Op anere Plazen ass rieds vun enger Bomm u Bord. Wat awer wierklech d'Ursaach war, kann een elo nach net soen.

Et ass och net déi éischte Kéier, datt de Prigoschin soll gestuerwe sinn: 2019 gouf gemellt, hie wier och mat engem Fliger ofgestierzt. Lescht Joer gouf gemellt, hie wier an der Ostukrain ëm d'Liewe komm.

Wéi gëtt elo dorop an der Politik reagéiert?

Déi éischt Stëmme weise sech net iwwerrascht. Sou zum Beispill den US-Präsident Joe Biden. Op d'Fro hin, op de Fliger op Wonsch vum Putin ofgeschoss gi wier, seet hien, datt a Russland net vill geschitt, wou de Putin net hannendrun stécht.

De franséische Regierungsspriecher Olivier Véran äussert Zweiwel un engem Accident. Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock warnt awer viru fréizäitege Spekulatiounen. Kloer Wieder fënnt de Beroder vum Präsident Selenskyj: Wat geschitt ass, wier ee Signal, datt a Russland all Illoyalitéit mam Dout bestrooft ka ginn.

De Grond, datt kee sech iwwerrascht weist: bal op den Dag genau zwee Méint ass d'Rebellioun vum Prigoschin a sengem Wagnergrupp hier. Deemools war de private Söldnertrupp bal bis op Moskau marschéiert. De Prigoschin huet mat dëser Aktioun de Verdeedegungsminister Schoigu, den Armeischef Gerassimov, mee och de Wladimir Putin selwer fir d'Krichsféierung an der Ukrain kritiséiert, wou de Wagnergrupp u russescher Säit matkämpft. D'Aktioun gouf awer ofgeblosen a sollt nom Putin stroffräi bleiwen. De Wagnergrupp hat sech deemools an de Belarus ofgesat.

Wéi geet et elo virun?

Eng Fro ass elo, wéi et mam Söldnertrupp ouni de Prigoschin an den Dmitri Utkin sollt weidergoen. De Grupp ass net just an den Ukrainkrich, mee och an Operatiounen um afrikanesche Kontinent verwéckelt. D'Zaldote goufen deels a russesche Prisonge rekrutéiert.

Zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich gëtt d'Gréisst vum Trupp op 20.000 bis 50.000 Leit ageschat. Se hu bis zur Rebellioun eng wesentlech Roll am Krich an der Ukrain gespillt