arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donnerwiedere mat bis zu 30 Liter Ree méiglech

Wiederwarnung

|
reading time

1 min

Donnerwiedere mat bis zu 30 Liter Ree méiglech

De staatleche Wiederdéngscht Meteolux huet fir den Owend déi schwächst vun den dräi Wiederwarnungen (giel Warnung) erausgi wéinst méiglechen Donnerwiedere mat staarkem Wand a plazeweis staarkem Reen.

reading time

1 min

Vun den Owend 20:00 Auer bis de Sonndeg 20 Auer huet Meteolux en "Avis d'orages" erausginn. An der Nuecht op e Sonndeg kéinten et zimmlech staark Donnerwiedere ginn. Et wiere plazeweis 20-30 Liter Reen an der Stonn méiglech, Wandstéiss vu bis zu 70 Stonnekilometer a Knëppelsteng.

Meteolux huet dräi Warnstufen: Giel, orange a rout.

Bei de schroen Iwwerschwemmunge Mëtt Juli ware plazeweis an engem Dag iwwer 100 Liter Reen op de Metercarré gefall.