Méi lisibel, méi zäitgeméiss a méi innovativ sollt den neien Text ginn. Op deenen dräi Volete wieren nach Verbesserunge méiglech, sou de Luc Heuschling.
Als Beispiller huet hien d'Roll vun der Justiz, d'Plaz vum Grand-Duc, d'Mënscherechter oder och d'Modalitéite fir eng Opléisung vun der Chamber genannt. Et sollt een déi ganz Verfassung awer net op d'Diskussioun ëm de Roll vun der Monarchie reduzéieren, seet de Professer op der Uni Lëtzebuerg. Hien hofft, datt den Text esou wéi en elo virläit, net zum Vott gestallt gëtt, mee datt no den nächste Wahlen nach eemol dru geschafft gëtt.
Droits fondamentaux a Libertés publiques
Déi aktuell Propos fir déi nei Verfassung géif en Ënnerscheed maachen tëschent sougenannten Droits fondamentaux, déi net kënne limitéiert ginn, a sougenannte Libertés publiques, déi limitéiert kënne ginn. Ënner den Droits fondamentaux géif zum Beispill de Verbuet vun der Tortur stoen, eppes, woumat déi meeschte Leit d'Accord wieren, datt do keng Ausnahme gemaach géife ginn.
Et géif awer och eppes zu der Protection de la vie privée oder zu der Liberté de la conscience (Reliounsfräiheet) stoen. "Soll et do keng Grenze ginn? Dat steet awer esou an deem Text, an dat ass keng propper Léisung", seet de Luc Heuschling.
En zäitopwändegen Exercice
Datt een 13 Joer fir den aktuellen Text gebraucht hätt wier normal, mengt de Luc Heuschling. Et géif een Zäit brauchen, fir eng Verfassung ze änneren. An der Schwäiz hätt ee 40 Joer dofir gebraucht. De Professer op der Uni Lëtzebuerg hofft, datt een zu Lëtzebuerg net sou laang brauch:
"Ech mengen, eng Verfassungsännerung an deem Mooss gëtt jo net all Joer an net all zéng Joer gemaach, dat heescht mir hunn elo eng Méiglechkeet, a wa mer et elo net propper maachen, dann ass et fir déi nächst 50 Joer gelaf."
De Gesetzprojet fir eng nei Verfassung huet véier Rapporteren: D'Simone Beissel (DP), den Alex Bodry (LSAP), de Léon Gloden (CSV) an d'Sam Tanson (déi gréng). De Rapport gouf de 6. Juni an der zoustänneger Chamberskommissioun ugeholl.
Logement an der Verfassung
An der neier Verfassung sollen och eng Rei Staatsziler verankert ginn, déi een awer net akloe kann. Eent vun deenen Ziler ass d'Recht op eng dezent Wunneng. Do seet den Artikel 42:
"L'Etat veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d'un logement approprié."
Datt een de Staat net usiche kann, wann ee keng Wunneng fënnt, léich op der Hand. An awer géif deen Artikel eng Handhab liwweren, nuancéiert de Luc Heuschling: "Wann ee virun d'Verfassungsgeriicht geet, da muss d'Geriicht kucken, ob dat Gesetz mat allen Dispositioune vun de Verfassung kompatibel ass", seet de Professer vun der Uni Lëtzebuerg.
D'Geriicht kéint awer net zum Beispill de genaue Montant vun der Allocation de logement festleeën. "Dat ass net de Roll vum Geriicht", seet de Luc Heuschling. Falls e Gesetz d'Allocation de logement awer wéilt ofschafen, da kéint d'Geriicht soen, datt dat an déi falsch Richtung géif goen. D'Gesetzer kéinten nämlech net komplett géint d'Staatsziler goen.