Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zukunft vum Lëtzebuerger Registre des beneficiaires effectifs net kloer

EuGH

Zukunft vum Lëtzebuerger Registre des beneficiaires effectifs net kloer

Déi europäesch Antiblanchimentsdirektiv, op där dat Lëtzebuerger Gesetz vum Registre des bénéficiaires effectifs baséiert, verstéisst géint d'Grondrechter vun der Mënscherechtscharta a gouf dofir an Deeler invalidéiert. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff haut Dënschdeg decidéiert.

auto_stories

2 min

D'Dispositiounen, datt all effektive Beneficiaire vun enger Gesellschaft, déi zu Lëtzebuerg agedroen ass, seng Geschäftszuelen zu all Moment a fir jiddweree visibel muss oppeleeën, wier deemno am Sënn vun der Mënscherechtscharta disproportionéiert an net op de strikte Minimum limitéiert.

Fir de betraffene Beneficiaire hätt esou en Abléck negativ Konsequenzen, zum Beispill kéinten déi Donnéeën abusiv agesat ginn.

Prinzipiell wier méi Transparenz an dëser Fro zwar am allgemengen Interessi, d'Methode wieren awer eben disproportionéiert. Och wann et an der Praxis schwéier wier fir genee Konditiounen opzestellen, wien wéini Abléck kéint kréien, sou kéint dat net en allgemengen Abléck an dës Informatioune justifiéieren, sou nach d'Geriicht.

Déi Lëtzebuerger Justiz hat beim Europäesche Geriichtshaff e sougenannte Renvoi préjudiciel agereecht, also nogefrot, ob dës Dispositiounen am Aklang mat europäeschem Recht wier.

Eng Societéit an ee Beneficiaire hate geklot. Déi Lëtzebuerger Geriichter mussen elo definitiv jugéieren.

D'Sam Tansonplay_arrow

An enger éischter Reaktioun huet d'Justizministesch Sam Tanson de Moien drop verwisen, datt hei virun allem déi europäesch Direktiv viséiert ass. Et misst een d'Urteel elo am Detail analyséieren an da nobesseren.