Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - Little Bit Of Love Feat Antwaun Stanley

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dikrech: LSAP verléiert absolutt Majoritéit, DP elo Königsmacher

Gemengewalen

Dikrech: LSAP verléiert absolutt Majoritéit, DP elo Königsmacher

Zu Dikrech verléiert d'LSAP hir absolut Majoritéit. D'CSV kritt ee Sëtz bäi a kënnt op fënnef Sëtz, d'LSAP verléiert zwee Sëtz an ass, mat fënnef Sëtz, gläich mat der CSV.

auto_stories

2 min

Foto: Stad Dikrech, Paul H. Keltesch

D'DP huet ee Sëtz bäigewonnen a kritt der deemno zwee, déi gréng behalen hire Sëtz.

De Charel Weiler ass zu Dikrech den Éischtgewielten. Hie wéilt och mat all de Parteie Gespréicher fir eng méiglech Koalitioun féieren.

De Wieler hätt d'LSAP kloer ofgestrooft an hie géif léien, wann hie géif soen, datt eng CSV-LSAP-Koalitioun "dat probabelst" wier, esou de Charel Weiler am 100,7-Interview.

D'DP als Königsmacher

Hien ass frou iwwer déi zwee Sëtz fir d'DP, an datt d'Katrin Kohl elo an de Gemengerot komm wier, esou de José Lopes Goncalves a senger éischter Reaktioun.

D'Resultat vun der DP Dikrech géif weisen, datt een net ëmmer mat de bekanntste Gesiichter misst an d'Wale goen, fir e gutt Resultat ze maachen.

Hie wier sech bewosst doriwwer, datt d'DP elo de Königsmacher wier, géif déi néideg Gespréicher féieren an dann och "déi Decisiounen huelen, déi musse geholl ginn", esou nach de José Lopes Goncalves.

De José Lopes Gonçalvesplay_arrow

LSAP prett fir Koalitiounsgespréicher, mee hëlt net d'Initiativ

D'LSAP hätt dës Wale sécher net gewonnen, mee se och net verluer, esou de Buergermeeschter sortant Claude Thill am 100,7-Interview. 37 Prozent wier nach ëmmer en héije Stëmmenundeel, mee par rapport zu der absolutter Majoritéit, déi een an der leschte Wale kritt hat, wier dat hei Resultat natierlech e Réckschlag. D'Resultat géif hien dann och perséinlech iwwerraschen, esou de Claude Thill.

De Claude Thillplay_arrow

D'LSAP wier prett fir weider mat Responsabilitéit ze iwwerhuelen a géif sech kenger Partei verschléissen. Vu d'Walresultat an dem Verloscht vun zwee Sëtz, wier et awer net un der LSAP fir d'Initiativ fir Koalitiounsgespréicher ze huelen.