Zu de Verbesserungsvirschléi gehéiert eng digital Strategie fir de komplette Fonctionnement vum all d'Ministèren, an net just fir eenzel Beräicher, erkläert den Digitaliséierungsminister Marc Hansen.
Duerch d'Pandemie wier d'Digitaliséierung "e bësse méi zackeg gaangen", seet de Marc Hansen. Déi eenzel Ministère wiere mat den eenzele Besoinen bei den Digitaliséierungsministère komm fir haaptsächlech vum CTIE informatesche Support ze kréie fir Projeten entwéckelt ze kréien.
De ganze Ministère digitaliséieren
Et géif awer net nëmmen drëm goe fir eng Prozedur oder ee Prozess eleng ze digitaliséieren, mee de ganze Ministère misst eng Kéier "e bëssen anescht" gekuckt ginn, mengt de Marc Hansen. "Do wäerte mir eng erweidert Consultance stratégique digitale maachen."
Bei der selwechter Geleeënheet gouf den Haut Comité a la transformation numérique lancéiert. Vertrieder aus der Ekonomie an verschiddene gesellschaftleche Beräicher sollen do mathëllefen, d'Digitaliséierungsstrategie ëmzesetzen.