Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dierfer bleiwen Dierfer, Stied gi Stied

Programme directeur d'aménagement du territoire

Dierfer bleiwen Dierfer, Stied gi Stied

De Programme directeur d'aménagement du territoire - kuerz PDAT - wëllt d'Liewensqualitéit vun haut a vu muer garantéieren, seet de Claude Turmes. Et hätt een aus dem Echec vun deem, wat et bis ewell war, geléiert. Et géif sech net just ëm eng Visioun handelen, mee ëm konkret Projeten. An déi Projete sollen och net op der Grenz ophalen: et wier een et nämlech och de wäit iwwer 200.000 Frontaliere schëlleg, fir bei hinne gutt Liewenskonditiounen ze schafen, esou de Claude Turmes.

auto_stories

3 min

Dofir wier eng vun den dräi Achse vun der neier Landesplanung, datt ee misst iwwer d'Grenzen eraus mat de Gemengen zesummeschaffen.

Eng weider Achs vun der Landesplanung wier ee ganz konkret Zil: et wéilt ee manner Buedem verbëtzen, esou de Claude Turmes.

"Mir sinn ee Land, wat 180 Hektar all Joer verbraucht. An dofir wëlle mir erofgoen, op 0,25, dat heescht, datt mir graduell op d'Hallschent ginn. An dat si ronn 800 Hektar, déi mir do manner versigelen iwwer déi nächst zéng Joer."

D'Versigelung, also d'Zoubetonéiere vum Buedem, suergt fir Iwwerhëtzung, nëtzt näischt géint eventuell Héichwaasser, an ass verluer fir d'Landwirtschaft oder Geméisubau. A genau dat bréicht een awer fir der Klimakatastroph entgéint ze wierken, mengt de Claude Turmes. Et hätt een elo ee ganzt neit Konzept.

"Dat sinn refuges climatiques. Dat si Plazen, wou mir kënne soen, wann et wierklech 35 Grad dobaussen ass, a vläicht 40 um Knuedler, oder 42 um Knuedler, wëll do jo net ganz vill Beem sinn, dann hunn ech Plazen - a mir identifizéieren déi - wou da vläicht just 32 Grad ass, wëlls de do eben am Bësch bass."

Koherenz beim CDA behalen

D'Land do entwéckelen, wou et Sënn mécht: dat ass den drëtte Schwéierpunkt vun der Landesplanung. Dierfer sollen Dierfer bleiwen, a Stied sollen zu Stied ginn, esou den Amenagementsminister Claude Turmes.

Konkret heescht dat, datt verschidde Gemengen als CDA, Centre de Développement et d' attraction, désignéiert ginn. An dat hat schonn am Virfëld fir Opreegung gesuergt.

"Ween ass een zentralen Ort, a ween ass net? Ech mengen, do hu mir eng Methodologie, do waren herno verschidde Gemengen, déi och wollten en CDA ginn, mee et ass natierlech sou, wa jiddereen een CDA ass, ass herno kee méi en CDA. Do hu mir herno missten zu puer Gemenge soen: 'Mir mengen, datt dir dee Rôle net sollt hunn.', fir eng gewësse Koherenz ze hunn."

Service-Wüste solle verhënnert ginn

Et handelt sech also ëm sougenannten Entwécklungszenter, an deenen déi néideg staatlech Servicer, wéi eng Post oder eng Spuerkeess, ugebuede ginn.

"Wichteg ass, datt ech am ländleche Raum ëmmer Plazen hunn, wou ech en Service kann ubidden. D'Leit, déi um Land sinn, dat wat se am meeschten iergert, ass, datt se ganz wäit musse fueren, fir eppes anzekafen, oder fir ee staatleche Service ze hunn. Du kanns natierlech net an all Duerf eng Post hunn, an eng Spuerkeess an eng Epicerie an e Bäcker."

Doduerch géif een dann och dem Problem vum Trafick entgéintwierken, esou de Claude Turmes.

"De Stau entsteet doduerch, datt d'Leit ganz vill um Land wunnen, do natierlech net schaffen an da ganz vill an d'Staat wëlle ra kommen. Wa mir méi am urbane Raum eis konzentréieren, dann hu mir aner Méiglechkeeten. Da kanns de mam Vëlo op d'Aarbecht, da kanns de mam Tram op d'Aarbecht. An du hues insgesamt manner Mobilitéitsbeweegungen."

Wéi een elo zum Beispill eng Spuerkeess, déi virun dräi Joer op eelef Plazen am Land hir Dieren zougemaach huet, an déi Entwécklungszentre kritt, ass dobäi net gesot ginn.