"D'LSAP huet eng gewëssen Arroganz, esou datt se guer net gewinnt sinn mat enger Oppositioun ze schwätzen," betount d'CSV-Spëtzekandidatin Michèle Keyser-Wengler am 100,7-Interview. D'Diddelenger Oppositioun huet sech dofir fest virgeholl der LSAP hir Elengherrschaft op en Enn ze bréngen.
Mee wéi warscheinlech ass dat? A wéi kéint déi éischt Koalitioun zënter iwwer 70 Joer ausgesinn? De Rick Mertens huet sech mat deene Froen ausernee gesat.