Den Dhiraj Sabharwal bleift also am Haus: Dat krute mer aus der Direktioun vun Editpress, dem Mammenhaus vum Tageblatt, confirméiert.
De Concernéierte selwer wollt eis géintiwwer keng Stellung huelen. Hie war zanter 2017 Chefredakter a stellvertriedenden Direkter vum Tageblatt.
Am Impressum gëtt elo den Armand Back als Chefredakter ff. geféiert, hie gëtt a senger Aarbecht vun engem Redaktiounscomité vu fënnef Journalisten an dem neigeschafene Poste vum Redaktiounsmanager ënnerstëtzt.