Radioen

On air

De Moien  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Crosswalk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Detournement vun Hesper: Zweete Prozessdag

Prozess

Detournement vun Hesper: Zweete Prozessdag

Zweeten Dag vum Prozess ëm zwee Ex-Gemengebeamte vun Hesper, si sollen d'Gemeng ëm iwwer 5 Milliounen Euro bedrunn hunn. Fir d'éischte Kéier huet den Haaptbeschëllegte selwer ausgesot.

auto_stories

3 min

Foto: justice.lu (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Et gëtt net dacks eppes ze laachen um Geriicht, vill ze vill eescht sinn déi Saachen, déi do verhandelt gi: An trotzdeem ass et gëschter direkt e puer mol geschitt, datt Hilarité generale ausgebrach ass.

Dat louch engersäits un den zum Deel abstrusen Aussoe vum Haaptbeschëllegten, dem fréiere Finanzchef vun der Gemeng, awer och un de dréchne Replicke vum Riichter.

Humor am Geriichtssall

Him géif dat alles leed doen, wat do geschitt wier. Ma no 20 Joer kéint hie jo net einfach soen, dat war just e klengen Ausrutscher. Hien hätt och léiwer a Sozialaarbecht geschafft wéi an de Finanzen, sou de Beschëllegten.

De Riichter huet geäntwert, datt d'Exécution des peines do bestëmmt e passende Modell fir de Mann hätt. A firwat hien net gefrot hätt, fir aus der Untersuchungshaft entlooss ze ginn? "Ech si gutt do am Prisong, dat ass ok fir mech", sou de Beschëllegten. "Jo, et ass jo och alles ganz nei do zu Suessem", sou de Riichter mat engem Schmunzelen.

Wéineg konkret Aussoen

Zu sengem systematesche Bedruch an 20 Joer huet den Ex-Beamten awer net vill gesot: Et wier eben sou gaangen, dat kéim an der beschter Famill wier.

Gelder ënnerschloe géif dacks virkommen an an der Gemeng Hesper wier op d'mannst bis 2009 zimmlech labber mat Geld hantéiert ginn. Behaaptungen, di awer net bewise konnte ginn.

Comptabilitéit a Facturatioun hunn ze wënschen iwwreg gelooss

Méi kloer waren d'Aussoe vum aktuelle Finanzchef vu der Gemeng. Bis 2009 wier effektiv villes an der Facturatioun an an der Comptabilitéit ze verbessere gewiescht. Dat hätt sech awer geännert, wéi de Marc Lies 2009 Buergermeeschter ginn ass, hien hätt de ganze Finanzsystem moderniséiert an och digitaliséiert.

Verschidden Depense waren dann och kloer engem Responsabelen zougeuerdent an et gouf eng besser Kontroll. Déi gréissten Zomme sinn dann och bis 2009 ënnerschloe ginn, duerno gouf et fir de Beschëllegte méi schwiereg fir ze tricksen.

Weider Detailer goufe bekannt

Niewelaanscht war am Prozess dann och gewuer ze ginn, datt de Beschëllegten als Finanzchef vun der Gemeng och Assurancenagent war a vum fréiere Buergermeeschter de ganzen Assurancëportefeuille vun der Gemeng ze verwalte krut.

An datt d'Finanzkontroll vum Inneministère intervenéiert war, wéi de Beschëllegte vun der Gemeng sollt fir kreativ Aarbechten extra bezuelt ginn. Och dat ass net ënner dem aktuelle Buergermeeschter geschitt.

Den Enquêteur huet dann och kloer gestallt, datt et d'Ex-Buergermeeschtesch war, déi sech mam Bentley vum Beschëllegten op Rendezvouse féiere gelooss huet, an net den aktuelle Buergermeeschter Marc Lies.

D'Suite vum Prozess ass den 23. Januar 2023.