Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dës Regierung schléisst näischt aus an dëser Pandemie"

Weidere Lockdown méiglech?

"Dës Regierung schléisst näischt aus an dëser Pandemie"

Wäert et och hei am Land een zweete Lockdown ginn? Dat ass eng Fro, déi an der Chamber-Debatt gëschter diskutéiert gouf. Bei an Tëschenzäit iwwer 6.300 aktiven Infektiounen hei am Land goufe gëschter mat de Stëmme vun den dräi Majoritéitsparteien déi Mesuren decidéiert, déi schonn ugekënnegt waren. Dorënner eng Ausgangsspär nuets, déi bis den 30. November soll gëllen, grad wéi weider Moossname fir weider Kontaktlimitatiounen.

auto_stories

4 min

Dat weidert Upasse vum sougenannte Covid-Gesetz wier net nëmmen de Vott vun engem Gesetz, esou de Rapporter vum Projet Mars Di Bartolomeo. Dem LSAP-Deputéierten no géif et och dorëms goen een Zeechen ze setzen, datt jiddwereen nach méi misst oppassen.

Déi nei méi restriktiv Mesuren, déi den Donneschdeg gestëmmt goufen, wiere proportional a justifizéiert, fënnt den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel. De Message "Bleif doheem" aus dem Mäerz, wier elo e "Bleif doheem no 23 Auer a limitéier deng Kontakter".

Et wéist een awer de Moment net, wéi d'Mesuren evoluéieren, an ob een net awer nach méi streng Mesurë misst huelen, esou den LSAP-Fraktiounschef.

D'Ausgangsspär wier alternativlos

Et soll alles dofir gemaach ginn, een zweete komplette Lockdown ze vermeiden, esou den DP-Fraktiounschef. Néideg wieren elo erëm méi Disziplin, huet de Gilles Baum betount. D'Ausgangsspär wier alternativlos, wann een e weidere Lockdown wéilt verhënneren.

Datt d'Restriktiounen zu dësem Moment net nach méi wäit misste goen, an datt e komplette Lockdown verhënnert ka ginn, wier e Resultat, datt fréi genuch gehandelt gi wier, esou d'Meenung vun der grénger Fraktiounscheffin Josée Lorschée. Mee och d'Erfarung an déi wëssenschaftlech Erkenntnisser aus de leschte Méint géif virunhëllefen, an de Gesondheetssecteur wier och besser preparéiert.

CSV: "D'Regierung antizipéiert net"

Däitlech méi kritesch Téin goufen et den Donneschdeg an der Chamberdebatt wéi erwaart vun der Oppositioun. De Virus wier net méi ënner Kontroll, esou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. An d'Regierung géif ze spéit reagéieren, nodeem si d'Kontroll verluer hätt. "D'Regierung antizipéiert net. Si reagéiert just nach a vill ze vill spéit. An ech soen Iech, dat mécht eis rosen, well mer Zäit verléieren an engem Kampf, wou d'Zäit bemoosst ass."

Beim Vott vun den neien, zousätzleche Restriktiounen huet d'CSV-Fraktioun sech enthalen.

"Mir fannen, datt dësen Text ze spéit kënnt, mir fannen dësen Text net koherent, mir fannen dësen Text technesch problematesch, a mir fannen, datt dësen Text haaptsächlech net komplett ass."

ADR: Ausgangsspär wier "sënnlos" / déi Lénk proposéiere partielle Lockdown

Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen zweiwelt dorun, datt déi nei "drastesch Mesuren" nach proportional zum Risiko wieren. Déi nei Ausgangsspär nuets wier senger Meenung no "sënnlos." Dat wier en Agrëff an d'Privatsphär an eng Aschränkung vun eiser Fräiheet. Et wier absurd, esou den ADR-Deputéierten, datt d'Regierung "abberdéngeg ass a bei der Schoul a beim ëffentlechen Transport z. B. huele si keng kloer Stellung a scho guer keng konkret Decisiounen."

Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum kritiséiert d'Ausgangsspär. Et wier eng extrem aschränkend Moossnam an eng "zillos Symbolpolitik". Hie géif et méi sënnvoll fannen, wann een iwwer e partielle Lockdown géif schwätzen, z. B. am Horesca-Beräich.

Piratepartei: D'Fro vu weideren Ënnerstëtzunge fir Independanten a Betriber stellt sech

Änlech Kriticken huet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement formuléiert. Ass d'Regierung sech bewosst, wéi eng Konsequenzen et zum Beispill fir den Horesca-Secteur huet, wann et keen offizielle Lockdown gëtt, esou seng Fro.

"An de Leit trotzdeem réit just nach déi Kontakter ze hunn, déi onbedéngt néideg sinn. Soulaang et keen offizielle Lockdown gëtt, wäerten Independanten a Betriber keng nei Ënnerstëtzung kréien."

Gesondheetsministerin: "Dës Regierung schléisst näischt aus an dëser Pandemie."

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth huet der Regierung d'Fro gestallt, ob si Mëtt vun der nächster Woch e weidere Lockdown wäert decidéieren. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet geäntwert.

"Dës Regierung schléisst näischt aus an dëser Pandemie."

A wéinst dëser Pandemie huet d'Ministerin gëschter an der Chamber weider haart Méint ugekënnegt.

"Mir wëssen och, datt zumindest mol den Hierscht an de Wanter nach ganz sauer wäerte ginn. An datt mir nëmme kollektiv a solidaresch duerch dës Kris wäerte kommen."