Mënscherechter Der Trump-Regierung hir Bezéiung zu de Mënscherechter

Dem Donald Trump seng Regierung ass net ugesinn als e besonnesch effikasse Partner am Kampf fir global Mënscherechter. Effektiv hunn e puer vum US-President senge rezenten Decisiounen d'Positioun vun den USA als Leader an där Saach a Fro gestallt.

Philip Crowther / cz

Trump
Foto: picture alliance/dpa/CNP / Olivier Douliery

Den amerikaneschen Ausseministère verdeedegt weiderhin d'USA als weltwäite Partner fir d'Mënscherechter trotz der Decisioun vun der Trump-Regierung sech aus dem UN-Rot fir d'Mënscherechter zeréckzezéien. D'USA soen, datt dee Rot Israel ze dacks ugräift. Et war ee vu ville Geste vun der amerikanescher Regierung, datt d'USA sech aus der globaliséierter a multilateraler Welt wëllen zeréckzéien. D'USA sinn d'Prioritéit, d'Welt muss waarden.

Mënscherechter goufe rezent vun der Trump-Regierung a vum President selwer op en zweete Plang gedréckt, wéi d'USA sech kloer fir de Regime vu Saudi-Arabien agesat hunn, trotz dem Mord vum Jamal Khashoggi. Dem Journalist a Kolumnist säi Mord gouf vu jiddwerengem condamnéiert. Just d'USA hu sech schwéier gedoen an hunn entscheet, datt d'Partnerschaft mam Regime an de Verkaf vun amerikanesche Waffen un d'Kinnekräich sollten d'Prioritéit sinn, an net e Mord vun engem Mann, deen an Amerika gelieft huet an deem säin Doud den amerikanesche Stand fir Mënscherechter a fir d'Pressefräiheet a Fro gestalt huet.

USA huele vill manner Flüchtlingen op

Et ass net déi éischte Kéier. Wärend der Trump-Regierung goufe besonnesch Flüchtlingen an Immigranten ageschüchtert. Esou huet dëst Wäisst Haus no just enger Woch un der Muecht probéiert, dem Donald Trump säi Verspriechen aus dem Wahlkampf all Moslemen net méi an d'Land ze loossen, zu enger Realitéit ze maachen. No laange Geriichtsprozeduren ass et effektiv elo vill méi schwéier fir d'Awunner aus dem Iran, zum Beispill, an d'USA ze kommen. D'Unzuel u Flüchtlingen déi dës Regierung unhëlt ass a manner wéi zwee Joer och radikal méi kleng ginn. Trotzdem weist d'Regierung sech stolz op seng Flüchtlingspolitik.

Mënscherechter a Fro gestallt

Op der Grenz tëschent Mexiko an den USA ass d'Astellung vun den USA vis-a-vis vun den universale Mënscherechter och a Fro gestallt. D'Regierung seet, ouni Beweiser, datt sech ënner den dausenden Zentralamerikaner op der Grenz kriminell Bande verstoppen. D'Recht op Asyl existéiert nach ëmmer, trotz engem Versuch vun der Trump-Regierung all Asylufroen nëmmen nach op offizielle Grenziwwergäng ze traitéieren. D'Waardezäite sinn do Méint laang.

En amerikanescht Geriicht huet déi nei Politik gestoppt, genee wéi och aner Immigratiounspolitiken och vu Riichter in extremis ugehale goufen.

Amerika ass d'Prioritéit fir dës Regierung, international Akkorden an universal Deklaratiounen zéien do de Kierzeren.

Méi zum Thema

Ausbeutung
Internationalen Dag fir d'Mënscherechter

D'Ausbeutung vun der Aarbechtskraaft hëlt europawäit zou. Dat geet aus enger neier Etüd vun der EU-Kommissioun ervir. Och Lëtzebuerg bleift net verschount. An de leschte Jore goufen ëmmer méi Affer entdeckt.

Stan Brabant
Amnesty International Lëtzebuerg

Dëst Joer feiert d'Deklaratioun vun de Mënscherechter hire 70. Anniversaire. De Maurice Antony huet mam Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg iwwer d'Aarbecht vun der Organisatioun geschwat.

Escher Theater Wiki Commons
Mënscherechter

"Artikel 13" heescht d'Performance, déi am Escher Theater gewise gëtt. Den Artikel 13 vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter ass de roudem Fuedem vum Stéck, wéi vun der uschléissender Diskussioun.

Sginature vum EU-Japan-Fräihandelsaccord
EU-JAPAN-Fräihandelsaccord

Déi Responsabel an der EU si stolz, dee bis elo gréisste Fräihandelsaccord dës Woch ënnerschriwwen ze hunn. D'Kritik um Accord fält bis elo vill manner vehement aus, wéi dat bei aneren Handelsverträch de Fall war.

Philip Crowther Analys
Immigratiounspolitik

An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt, an a provisoresch Heemer geschéckt. Dem Donald Trump seng Politik kéint zum Skandal ginn.

EU Kommissärin Cecilia Malmström zu Singapore
EU-Handelspolitik

Als Auswee aus der Handelskris mat den USA hu verschidde Politiker eng Light-Versioun vum TTIP-Ofkommes an d'Spill bruecht. Dat entsprécht dem Trend, ëmstridde Punkten aus Accorden erauszehuelen.

Philip Crowther Analys
Auslandschronik

An den USA gëtt et keng kloer Aussoen zum Thema vun der Gëftgasattack a Syrien. Tëscht Twitter-Messagen an den offizielle Messagen aus der Regierung ass vill Sputt.

Donald Trump
Donald Trump

Eng Rakéitenattack géint Syrien schéngt nëmmen nach eng Saach vun der Zäit. Déi alliéiert Natioune sichen nach no konkrete Beweiser. Den Donald Trump huet säin nächst Manöver op Twitter annoncéiert.

Jean Asselborn
Aussepolitik

De Jean Asselborn kritiséiert d'USA, d'Tierkei an Israel wéinst hirer Politik am Noen Osten. Hie regrettéiert, datt d'EU an der Aussepolitik net méi esou geschlossen do steet wéi nach virun 10 Joer.

Donald Trump Analys
USA

An der Enquête ëm Verbindunge vum Donald Trump mat der russescher Regierung ass de Michael Flynn e wichtege Bestanddeel. Hie kéint den Trump a Gefor bréngen. Wann deen et net selwer via Twitter mécht.

Den Donald Trump a seng Fra Melania kommen zu Hamburg um Fluchhafen un Analys
Wirtschaft

Zu Hamburg ass de G20-Sommet. Et ass dem Donald Trump seng zweet Auslandsrees. Ee vu senge grousse Rendez-vousen ass dee mam russesche President Vladimir Putin. Wat sinn déi amerikanesch Perspektiven?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen