Den Ethik-Comité beäntwert Froen iwwer de grouss-herzoglechen Arrêté vun 2014, deen d'Deontologie-Regele grad wéi d'Rechter an d'Flichte vun de Regierungsmembere festschreift.
Souwäit si dat kéint aschätzen, hätten d'Ministeren an d'Staatssekretäre sech an de leschte Jore wéi Musterschüler verhalen, seet déi fréier DP-Ministerin a Member vum Ethik-Comité, d'Colette Flesch.
D'Conditiounen, déi fir Regierungsmembere gëllen, wiere méi streng wéi zu hirer Zäit. "Zu menger Zäit huet een et gemaach aus Anstand, mee et war keng Obligatioun." Elo géif et e Regëster am Protokoll vum Premier-Minister ginn, wou déi Kaddoen opgeféiert ginn a wou jiddwereen drop zougräife kann.
De Marc Fischbach, dee bis viru Kuerzem Member am Ethik-Comité war, erënnert drun, datt dëse Comité nëmme vum Premier mat Froe ka befaasst ginn, iwwer d'Interpretatioun an d'Applikatioun vun de Regelen.
Kodex hëlleft fir manner beaflossbar ze sinn
Hie géif awer dovun ausgoen, datt sech d'Ministeren un dee Kodex halen, well en engersäits vun der Regierung selwer gewollt ass. Anerersäits wier et am Interêt vun all Regierungsmember, fir sech un dee Kodex ze halen, fir Interessekonflikter ze vermeiden. Duerch d'Regëster géif och déi berufflech Vergaangenheet oppe geluecht ginn. Dës Mesurë géifen hëllefen, sech géigeniwwer Beaflossungsversich méi onofhängeg ze maachen, seet de Marc Fischbach.
Den Ethik-Comité huet an de leschte bal véier Joer - zanter et e gëtt - dräi Avisen op Demande vum Premier Xavier Bettel formuléiert, esou d'Colette Flesch. Zwee Mol am Fall vu Kaddoen, eng Kéier krut de verstuerwene Staatssekretär Camille Gira proposéiert, fir President vun enger europäescher Environnements-Associatioun ze ginn.
A sengem Avis vun Enn 2017 hat den Ethik-Comité festgehalen, datt den deemolege Staatssekretär dës Funktioun net kéint unhuelen. Donieft huet de Comité e Changement un de Regele proposéiert, déi Ufank 2018 ëmgesat goufen. Et ass gesot ginn, fir d'Durée vum Mandat, da kann een och net en Cours de route eppes unhuelen, also muss een den zweeten Alinea sträichen. An dat ass och geschitt, do huet d'Regierung eis och suivéiert", seet d'Colette Flesch.
2015 Vereinfachung vun de Regelen
Bei de Regele fir Kaddoen, déi als symbolesch gëllen, huet den Ethik-Comité - no der Demande fir een Avis - 2015 eng Vereinfachung proposéiert, déi an der Suite och ëmgesat gouf.
"Wann e Minister op enger Foire e Bouquet Blummen iwwerreecht kritt, oder op der Musel dräi Fläsche Wäin iwwerreecht kritt, dat huet och mussen ënner déi ganz komplizéiert Prozedur falen, datt si dat melle missten. Do hu mir gesot, dat brauch net ze sinn, wann de Kaddo 100 Euro net iwwerschreit."
De Grupp vu Staate géint d'Korruptioun - kuerz GRECO - vum Europarot hätt am November 2017 mat de Membere vum Ethik-Comité geschwat, esou d'Colette Flesch. An der Tëschenzäit ass e GRECO-Rapport mat Recommandatiounen un d'Regierung gaangen.
Stäerkung vum Comité d'éthique a vum Code de déontologie néideg
De Rapport hätt d'Recommandatioun gemaach, fir de Code de déontologie an d'Pouvoire vum Comité d'éthique ze stäerken. "An der Diskussioun, déi mir mat hinnen haten, huet et si e bësse gestéiert, datt mir nëmmen intervenéieren, wa mir vum Premier gefrot ginn. "Ech hunn hinnen du gesot - also dat huelen ech op meng Kap - datt menger Meenung no zu Lëtzebuerg d'Liewen esou transparent ass, datt wann ee vun eis am Comité eppes géif gewuer ginn, wat net an der Rei wier, géife mir net zécken dem Premier ze schreiwen an ze soen, kuck, do ass e Problem", sou d'Colette Flesch.
Déi Lëtzebuerger Regierung huet bis Enn 2019 Zäit fir dem GRECO no dëse Recommandatiounen ze äntweren. De Grupp vu Staate géint d'Korruptioun hätt bedauert, datt am Lëtzebuerger Deontologiekodex keng wierklech Sanktioune virgesi wieren, sou d'Colette Flesch. Zur Fro vun de Sanktiounen, seet de Marc Fischbach, wann eng Kéier bekannt géif ginn, datt e Minister e Kaddo ugeholl hätt, deen hien net hätt dierfen unhuelen an och net an de Regëster agedroen hätt, da misst de Minister Konsequenzen zéien, "wellecher Aart och ëmmer".