Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Zoustand vum Bësch

Biophilia

Den Zoustand vum Bësch

Dem Lëtzebuerger Bësch geet et net gutt. Fir den Amateur kënnen d'Beem nach esou gréng a staark erschéngen, dem Profi falen awer vill Zeechen op, déi op Krankheet oder souguer Doud schléisse loossen. Déi lescht Etüden iwwer den Zoustand vum Bësch sinn alarmant.



auto_stories

3 min

Eraus fannen, wéi et dem Bësch geet ass keng ganz einfach Aufgab. E feste Stamm, gréngt Laf an zolidd Äscht mussen net alles bedeiten.

D'Mataarbechter vun der Naturverwaltung maachen dofir zanter 1984 reegelméisseg en Inventaire op festgeluechte Bëschflächen, dee leschte gouf virun e puer Wochen ofgeschloss.

Iwwerbléck duerch Inventaire vun der Naturverwaltung

Dëse systemateschen Echantillonage uechtert d'ganzt Land hëlleft, fir en Iwwerbléck ze behalen an erauszefannen, wéi eng Bamzorten am meeschte geschiedegt sinn a wéi eng Roll si am Ökosystem vum Bësch spillen. Fir d'Fierschter ass et dann och e wichtegt Instrument fir ze wëssen, mat wéi enge Problemer de Bësch ze kämpfen huet a wéi ee kann dorop reagéieren.

Tëschent dem 20. Juli an dem 15. August 2022 goufen eng 1.200 Beem uechtert Land ënner d'Lupp geholl. Speziell gekuckt gouf no de Blieder an der Bamkroun. Do weist sech als éischt, op ee Bam Problemer huet oder net. Gëtt d'Laf an der Kroun méi dënn, sou gëtt de Bam jee no Grad vum Schued klasséiert.

Kuckt een d'Resultater vun deene Klassementer, sou fält op datt 2021 e gutt Bëschjoer war, dat no dräi méi dréchne Joren. An dësem Joer konnte sech eenzel Zorten erhuelen.

Vill Schied duerch Klimakonditiounen

Leider huet d'Joer 2022 mat wochelaanger Dréchent an Hëtztwelle villes nees futti gemaach. Generell sinn zéng Prozent méi Beem geschiedegt wéi dat Joer virdrun. Allgemeng kann ee soen datt méi wéi all zweete Bam an eise Bëscher staark geschiedegt ass, nëmmen eng 15 Prozent si ganz gesond.

Dobäi trëfft et déi eenzel Zorten op verschidden Aart a Weis: D'Bich, eigentlech ee Standuertbam dee gutt mat eise Biedem a Klimakonditiounen eens gëtt, leit zanter Joren ënner ze wéineg Néierschlag. 80 Prozent vun dëse Beem gëllen dann och als staark geschiedegt oder dout. Och bei den Eeche weist d'Entwécklung zanter Joren no ënnen, méi wéi d'Hallschent si staark geschiedegt.

D'Nole-Beem mat hire flaache Wuerzele packe kaum nach en dréchne Summer, hei sinn et virop d'Fiichten déi verdréchnen an op ville Plaze just nach wéi Fixspéin aus dem Buedem kucken.

Wat sinn d'Ursaache fir de Bëschnoutstand?

D'Naturverwaltung huet och no den Ursaache fir de Bëschnoustand gesicht: Virop sinn et Klimaextremer wéi Hëtzt, Dréchent oder Frascht, awer och Raupen a Pilzen schiedegen d'Beem.

Dobäi kommen als Ursaach och nach Bamzorten déi eigentlech net an eis Regioun gehéieren, e Mangel u Närstoffer am Buedem an d'Loftverknaschtung. Reagéiere kann een do nëmmen duerch Uplanzen vu resilienten, lokalen Zorten oder vun importéierten Zorten déi Hëtzt an Dréchent besser verdroen.

Experimentéiert gëtt zum Beispill mat der Atlaskiefer aus Nordafrika. Mee déi muss dann och fir d'éischt emol mat geleeëntlechem Frascht a mat eise Biedem eens ginn. Fakt ass awer, datt eise Bësch sou oder sou an de nächste Jore net méi dee wäert sinn, wéi mer e haut kennen.