An engem sougenannten Growthshop am Garer Quartier komme reegelméisseg Cliente laanscht fir sech iwwer den Ubau vu Cannabisplanzen ze informéieren. Eng wierklech substantiell Hausse vun der Demande géif een zanter dem Akraafttriede vum Cannabisgesetz net mierken, seet hei ee Verkeefer. Mee et géif sech awer eppes beweegen.
"Natierlech mierken mir lo schonn een Ënnerscheed, ee positiven Ënnerscheed zu virun der Legalisatioun."
Well d'Saison fir d'Planzen dobaussen ze ziichten dëst Joer awer schonn eriwwer ass, misst ee sech senger Saach sécher sinn, esou de Verkeefer. Well sou een Ubau-Set fir dobanne kéint scho mol tëschent 600 an 1.000 Euro kaschten.
Am Kader vum Vott huet zum Beispill d'CSV gefaart, datt virun allem Jugendlecher sech op de Cannabis stierzen. Dësen Zenario ass bis elo net agetrueden, ënnersträicht eng Verkeeferin vum Tom Hemp's, een CBD Shop an der Uewerstad.
"Et ass elo net wéi wann een Ustuerm u Leit oder och jonke Leit géif kommen. Et si méi Leit, déi sech souwisou dofir interesséieren. Mir hunn och Leit, déi manner informéiert sinn, an do hunn ech tatsächlech ganz oft festgestallt, datt vill Mëssinformatiounen am Internet kurséieren."
Touristen déi mengen, et wier legal
Wou et nach drun happert wier deemno de Wëssensstand vun de Clienten zu der aktueller Gesetzeslag. Vill Leit, déi an den CBD Shop kommen, wéissten net, datt de Konsum just doheem erlaabt ass, oder datt ee sech strofbar méscht, wann ee Cannabis mat sech feiert.
Dacks géifen d'Leit aus dem Ausland och denken, datt een zu Lëtzebuerg ganz legal THC-haltege Cannabis an den Geschäfter kafen kéint.
"Dat heescht, mir kréien och Touristen, déi mengen, hei wier et komplett legal, well dat sou ze soen als Iwwerschrëft am Internet steet: 'Lëtzebuerg huet Cannabis legaliséiert'. Dat heescht, d'Leit sinn do immens verwirrt wéi et lo ausgesäit."
De Verkeefer an der Cannathèque op der Gare bestätegt dës Ausso: hie misst schonn ëfters Leit nees Heem schécken.
"Mir haten elo d'leschte Kéier een Här, deen ass vu Frankfurt hei hi gefuer komm. Dat si jo awer bal dräi Stonne Faart bis hei hinner, wou hien dann extreemst enttäuscht war, wéi ech him sot, datt mir leider keen THC hei am Buttek verkafen."
Op d'Fro hin, ob hie sech virstellen kéint, enges Dags och THC-haltege Cannabis verkafen ze kënnen, seet hien, datt et hie freeë géif.
"Mir hoffen an drécken d'Daumen, datt dat da sou séier wéi méiglech duerchgesat gëtt."
Mee senger Meenung no géing dat awer nach e bëssen Zäit brauchen.