Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tram rullt

Luxtram

Den Tram rullt

auto_stories

1 min

Den Tram huet um Mëttwoch Moie seng éischt Meteren op der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg gemaach.

Déi spuenesch Entreprise CAF, déi Tramme baut, a Luxtram schaffen den Ament zesummen, fir d'Techniker sou gutt wéi méiglech op déi nei Erausfuerderunge vum Lëtzebuerger Tram virzebereeden. De Sven Loes huet virun zwee Méint ugefaangen, bei Luxtram als Techniker an der Maintenance vum Matériel roulant ze schaffen. Den Tram wäert bis zu 70 Kilometer an der Stonn séier kënne fueren a ronn 350 Passagéier maximal an enger Kéier transportéieren, seet hien. Speziell un dësem Tram ass, datt en och an de Zonen ouni Catenaire ka fueren. "Hei hëlt en de Stroum da vun ënnen."

Vum 10. Dezember dëst Joer u soll den Tram a Betrib geholl ginn. Da wäert den Tram op engem éischt Deel vun der Streck, vun der Statioun LuxExpo bis bei d'Statioun Pafendall, fueren. Zäitgläich soll och de Funiculaire am Pafendall opgoen.