Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OAI mécht sech Suergen iwwer d'Zukunft vum Bausecteur

No Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun

Den OAI mécht sech Suergen iwwer d'Zukunft vum Bausecteur

Den Orde des Architectes et Ingenieurs-Conseils (OAI) mécht sech Suergen iwwer d'Evolutioun vum Bausecteur. Eng Bestandsopnam vun der momentaner Situatioun um Terrain géing zwar weisen, datt et nach een zefriddestellende Volumen u kuerzfristege Projete géif ginn. Trotzdeem géife ronn 60 Prozent vun den Architekten- an Ingenierusbureauen uginn, datt hir Optragsbicher, op déi nächst dräi Joer gekuckt, nëmmen zu engem Véierel gefëllt wieren.

auto_stories

2 min

Vu lénks jo riets: Marc Feider, Michelle Friederici, Pierre Hurt. (Foto: Sophie Schroeder)

D'Situatioun am Bausecteur ass ganz ugespaant. Nach wier Aarbecht do, mee et géif awer u laangfristege Projete feelen.

Schwieregst Situatioun zanter iwwer 30 Joer

Dat geet aus enger Enquête ervir, déi den OAI iwwer déi aktuell Situatioun bei senge Membere gemaach huet. An déi weist eng alarmant Entwécklung.

Am leschte Mount wiere bal 40 Prozent manner Konstruktiouns-Demanden autoriséiert ginn. Och wann iwwer d'Hallschent vun deenen, déi geäntwert hunn, hir ekonomesch Situatioun den Ament als zefriddestellend bezeechne géifen, géif ee Fënneftel se als schlecht aschätzen.

Bei klenge Büroe vu manner wéi sechs Leit géif dee Prozentsaz souguer op ee Véierel klammen, esou den Direkter vum OAI, Pierre Hurt. Dat wier ee Réckgang, wéi an nach kenger anerer Krisesituatioun bis elo.

"Et ass fir déi éischte Kéier, datt mir mierken, datt een Doute do ass. Datt mir éischter esouguer och mengen, datt d'Gefor vun enger Regressioun do ass. Dat ass schonn erstaunlech, well wéi gesot déi lescht 32 Joer hate mir dat net bei kenger Kris."

Eng administrativ Vereinfachung

Deementspriechend moer gesinn der Ëmfro no och d'Astellungs-Prognosen am Bausecteur aus: Nëmme knapp ee Fënneftel vun de Büroe géifen dëst Joer drun denken, Personal anzestellen.

D'Ursaache fir dës Regressioun bei den Opträg wiere weiderhin d'Käschtenexplosioun, de Materialmangel a virun allem d'Virsiicht vun de Clienten.

Fir géigenzesteiere betount d'Presidentin vum OAI, Michelle Friederici, d'Wichtegkeet vun enger "simplification administrative". Ee konkrete Léisungsvirschlag wier hei ee "code de la Construction", deen all d'Gesetzer gesammelt festhale géif.

"Et muss net all Administratioun oder all Ministère mat neie Gesetzer kommen, well mir hu se. Mir mussen se just rassembléieren, fir datt mir eis dann ebe just dorop bezéie kennen."

Reaktioun vum Secteur public gëtt sech erwaard

Weider fuerderen d'Architekten an d'Ingenieuren eng staark Reaktioun vum Secteur public, fir datt d'Vertrauen erëm zeréck komme kéint fir ze investéieren, seet den Direkter vum OAI Pierre Hurt.

"Do misste mir eis eben elo just Moyennë gi mam Secteur. De Staat misst elo soen, mir kreéieren elo wierklech eng Cellule d'urgence: wéi kënne mir d'Reform maache vum Carcan administratif am Bauwiesen?"

An der Enquête vum OAI hunn iwwerdeems eng 20 Prozent vun den aktiven Architekten- an Ingenieursbureauen deel geholl.