Radioen

On air

De Weekend  |  Ulrich Matthes: E Schauspiller mat Charakter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen neien Ulaf wërft vill Froen op

EU-Migratiounspak

Deen neien Ulaf wërft vill Froen op

Bei der Propos fir eng Reform vum Asylsystem vun der Europäesche Kommissioun ass eng Quot fir Refugiéen an der EU ze verdeele net virgesinn. An Zukunft soll et eng "flexibel" Solidaritéit ginn, zu där och de Sponsorship vu Réckféierunge gehéiert. Wéi soll deen neie System da funktionéieren? Kann dee jorelaange Sträit an der EU doduerch bäigeluecht ginn? Dorop kucke mir eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

D'Kommissioun huet gëschter vun engem frësche Start geschwat. Wat ass da konkret nei an der Propos?
Et ass eng Reform, déi den Accent ganz kloer op méi effikass Prozedure leet an dorop, datt méi Migranten aus der EU nees heemgeschéckt ginn. Zil ass et, datt d'Prozedure virun allem op de Baussegrenze méi séier sollen oflafen. Dofir soll elo jiddwereen, deen an d'EU erakënnt, gescreent ginn. Nieft dem Ophuele vu Personalien ass ee Gesondheets- a Secherheetscheck virgesinn. Dat Ganzt soll a maximal fënnef Deeg geschéien. Duerno ginn d'Migranten a Kategorien opgedeelt. Déi mat méi a manner Chancen op Asyl. Fir déi zweet Kategorie ass eng ganz séier Prozedur virgesinn, si solle bannent zwielef Deeg gewuer ginn, ob si Asyl kréien oder net. Am Fall vun engem Refus, solle si direkt vun der Grenz aus an hiert Heemechtsland zeréckgeschéckt ginn. De Rescht kënnt an eng "normal" Asylprozedur.
Ass domat weider garantéiert, datt jiddereen och wierklech ee Recht op Asyl an der EU huet?
Dat Recht géif bäibehalen, heescht et explizitt am Text vun der Kommissioun. Och de Prinzip vum Non-Refoulement wier weider garantéiert, dat heescht, datt keen ouni propper Prozedur géif ofgewise ginn. Ob dat allerdéngs, virun allem mat deene rapide Prozeduren de Fall ass, do hunn ONGe wéi Amnesty International oder Flüchtlingsorganisatiounen hir Zweiwelen ugemellt.
Dann d'Fro vun der Solidaritéit ënner de Memberlänner: Et géif kee gezwongen, Refugiéen opzehuelen, huet et gëschter vu Säite vun der Kommissioun geheescht. Mee wéi sollen da Länner wéi Griichenland oder Italien, wou jo déi meescht Refugiéen ukommen, entlaascht ginn?
De Prinzip aus der sougenannter Dublin Konventioun, datt dat EU-Land, wou d'Refugiéen als éischt ukommen zoustänneg ass, gëtt bäibehalen. Wat do ännert, ass datt Migranten, déi Famill an engem aneren EU-Land hunn, oder do schonn emol geschafft oder studéiert hunn, elo sollen an dat Land kënne reesen an do eng Demande fir Asyl stellen.
Länner wei Griichenland oder Italie kënnen, wa besonnesch vill Migranten ukommen, Hëllef ufroen. D'Kommissioun mécht dann ee Plang, wéi d'Solidaritéit an der EU spille soll.
An do bitt si de Länner dann zwou Optiounen: Entweder, et seet een: ech huele Flüchtlingen op. Oder et seet een: ech hëllefen Italien oder Griichenland derbäi, déi Refugiéen, deenen hir Demande refuséiert gouf, an hir Heemechtsland zeréckzeschécken.
Déi Zort vu Solidaritéit ass nei. D'Kommissioun huet dofir och een Numm fonnt, si nennt dat "Sponsorship" vu Réckféierungen, op Franséisch gouf vun engem "parrainage" vun de Retouren geschwat.
D'Kommissioun huet och kloer gesot: Et gëtt kee Land forcéiert Flüchtlingen opzehuelen. Et muss ee sech awer fir eng vun deenen zwou Optiounen decidéieren.
Wéi soll dee "Sponsorship" da praktesch oflafen?
E Land géif dann eben de Parrainage vun de Réckféierunge vun engem Migrant iwwerhuelen. Sief dat materiell duerch d'Organiséiere vu Vollen, oder duerch d'Notzen vun diplomatesche Relatioune mat deem Land. Well et jo dacks Problemer bei de Retoure gëtt, well d'Heemechtslänner net matspillen.
Wann dee Retour dann awer no aacht Méint net geklappt huet, misst dat Land, dat Sponsor ass, d'Responsabilitéit iwwer dee Migrant iwwerhuelen an en och bei sech ophuelen, esou laang bis en zeréck a seng Heemecht kann.
Et ass allerdéngs gewosst, datt Retouren den Ament ganz schlecht funktionéieren, dowéinst dierf ee gespaant sinn, ob sech effektiv Länner op esou een Deal aloossen. Et ass interessant ze gesinn, wéi Länner wéi Polen Ungarn oder Tschechien, (déi jo d'Ophuele vu Flüchtlinge refuséiere) reagéieren.
Wat geschitt dann, wa sech net genuch Länner mellen, fir Refugiéen opzehuelen?
Genee déi Fro hunn ech der zoustänneger EU-Kommissärin gestallt (an ech war net dat eenzegt, si gouf e puer Mol gestallt).
Eng richteg Äntwert krute mer net. Et ass jo gewosst, datt sech an der Lescht ni vill Länner fräiwëlleg gemellt hunn, fir Refugiéen opzehuelen. Déi zoustänneg EU-Kommissärin Ilva Johansson huet gëschter just betount, datt zu kengem Moment ee géif forcéiert gi Refugiéen opzehuelen. D'Kommissioun geet dovun aus, datt deen neie System och a Krisenzäiten esou funktionéiert.
Ass dat doten dann elo eng Reform, déi méi Chancen huet wéi déi, déi viru fënnef Joer vum deemolege President Juncker proposéiert gouf?
Dat ass natierlech schwéier soen, mee ech hätt d'Tendenz déi Fro mat Nee ze beäntwerten. Ech denken, datt dee Punkt vun där neier flexibeler Solidaritéit vill Froen opwerft.
Dovun ofgesinn ass et net warscheinlech, datt d'Zil, dat d'Kommissioun explizitt betount huet, nämlech, datt et keng Campe wéi Moria op Lesbos (wou Dausende vu Leit jorelaang ënner onmënschleche Konditioune liewe mussen) méi soll ginn, éischter net wäert erreecht ginn.
Am Contraire schéngt et éischter, wéi wa genee déi Zoustänn op de Grenze géifen duerch nei Gesetzer fest zementéiert ginn.
Well séier Asyl-Prozeduren, méi effikass Réckféierungen - dat alles sollt genee op deene Plazen elo schonn ëmgesat ginn, huet awer (aus verschiddene Grënn) net geklappt, an d'Kommissioun huet am Fong kee plausibele Plang dofir virgeluecht, wéi dat soll besser funktionéieren. Et dierf ee gespaant sinn, ob d'Diskussioune mat de Memberlänner an dem Parlament, déi elo nees ufänken.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.