Et war en Auswee aus dem Sträit tëscht dem deemolege Sozialminister Romain Schneider an der AMMD, mam Gesondheetsdësch sollt d'Quadratur vum Krees gemaach ginn, all kriddeleg Froen aus dem Secteur op den Dësch kommen. Dat 80 Säiten déckt Dokument mat villen Absichtserklärunge läit elo vir. Hien hätt nach net all Detail gelies, mee den Austausch wier net dee gewiescht deen hie sech virgestallt hätt, sou den AMMD-Präsident Alain Schmit.
"Mir haten eis eigentlech erwaart dat mer wierklech op engem konstruktiven, an engem Echange mat verschiddenen Acteuren déi ronderëm gewësse Problemer verschidde Positiounen hunn, dat een do am Konsens iergendwéi eppes erausschielt wat fir d'Patiente géif richteg Sënn maachen. Dat ass mat där Demarche net geschitt an dat regrettéiere mer."
D'Dokument kënnt ze spéit an et wier ze hoffen, datt déi nächst Regierung de Plang net am ënneschten Tirang verstoppt, sou de Carlos Pereira vum OGBL. Och hie gesäit d'Virschléi vum OGBL nëmmen zum Deel realiséiert. Den OGBL hätt nach wéilten deen een oder anere Punkt "méi fundamental" diskutéieren.
Spidolssäit zefridden, Ëmsetzung elo wichteg
Et wier mol wichteg, datt et iwwerhaapt e Plang gëtt wéi an anerer Länner och, esou de President vun der Fédération des Hôpitaux Philippe Turk.
Eens ware sech awer déi dräi Säiten: den Challenge läit virun allem am Ëmsetze vun dësem Plang.