Déi lescht Méint hu bei ville Veräiner a Federatioune staark Narben hannerlooss. Competitioune goufe verréckelt oder ganz ofgesot, Spectateure waren net zougelooss a finanziell stinn nach ëmmer vill Froen am Raum.
Finanziell Aboussen
Am Fussball hu vill Spiller op en Deel vun hirer Pai misse verzichten an dobäi ass de Fussball nach eng Sportaart, an där duerch Medien- a Sponsor-Kontrakter vill Sue sinn. Aner Sportaarte spieren den Impakt nach méi.
Am Reitsport zum Beispill goufe vill Turnéier ofgesot, bei Ersatz-Tournoie gouf et dann net méi wéi bis elo eng Millioun Euro u Präisgeld ze gewannen, mee nëmmen nach 100.000 Euro, d'Käschte bleiwen awer déi selwecht. Fir vill Reider geet et elo ëm d'Existenz.
Onsécherheet beim Kalenner
Mee net nëmme finanziell kann een de Moment net laangfristeg plangen. Och a sportlecher Hisiicht weess een net, wat déi nächst Woche bréngen. An deene Ligen, an deenen nees gespillt gëtt, gouf zwar jeeweileg e Spillplang opgestallt, mee duerch de Virus muss een hanner deem awer e grousst Fragezeiche setzen.
Eleng an der Lëtzebuerger BGL-Ligue hunn um éischte Spilldag schonn zwee Matcher wéinst positive Covid-19-Tester misse verluecht ginn. Déi mussen nogeholl ginn, an dat an enger souwisou scho voll gepackter Saison.
Eng kierperlech Belaaschtung
D'EM gouf ëm ee Joer verluecht, an och d'Competitioune wéi Europa League oder Champions League musse mat de nationale Liguen ënner een Hutt bruecht ginn.
Dat ass eng grouss kierperlech Belaaschtung fir d'Sportler, an dat an engem Joer, an deem net esou trainéiert konnt ginn, wéi dat vläicht noutwendeg gewiescht wier.
De Sport leit
Och déi sportlech Qualitéit leit ënner der aktueller Situatioun. Bei den US Open am September hu bei der Competitioun vun de Fraen direkt sechs Sportlerinnen aus der Top 10 gefeelt, well hinnen eng Rees an d'USA ze riskant war.
Mee net nëmme fir d'Veräiner a Sportler ännert sech eppes duerch déi aktuell Situatioun, mee och fir d'Spectateuren. Déi sinn entweder guer net oder nëmmen a limitéierter Zuel an de Stadien erlaabt.