Administration pénitentiaire Den Hongerstreik am Prisong ass eriwwer

Den Hongerstreik am Prisong zu Schraasseg ass eriwwer. Dat huet d'Prisongsverwaltung eis de Mëtteg matgedeelt. Dee leschte Prisonéier hätt haut domat opgehalen. Eng 40 Prisonéier waren Enn vun der leschter Woch an den Hongerstreik getrueden. Si haten ënner anerem gefuerdert, wéinst der Coronavirus-Kris fréizäiteg fräi gelooss ze ginn.

Serge Kesseler / cz

Prisong
Prisong (Foto: ap.gouvernement.lu)

Een direkten Zesummenhang tëschent dem Hongerstreik an der Revolt de virleschte Mëttwoch zu Schraasseg géif et net ginn, hat den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil de Moien am 100,7-Interview erkläert. Decidéiert goufe punktuell Verbesserunge fir d'Prisonéier.

Een Infektiounsfall mam Coronavirus géif et zu Schraasseg nach ëmmer net ginn, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

Dem Serge Legil no, wier de Prisong de Moment net iwwerbeluecht. 470 Prisonéier sinn do, Plaz wier fir bis zu 600 Prisonéier. Och d'Justizministerin Sam Tanson huet haut an der Chamber gesot, datt et kee Risiko vun enger Surpopulatioun zu Schraasseg géif ginn.

Méi zum Thema

Sam Tanson
Corona-Kris

Fënnef Deeg no der Rebellioun am Prisong wier d'Situatioun nach ëmmer ugespaant, seet d'Sam Tanson. Et wier wichteg ze assuréieren, datt de Virus net an de Prisong kënnt, ënnersträicht d'Justizministerin.

De Prisong vu Schraasseg 3.11.09
Rebellioun zu Schraasseg

Nodeems et de Mëttwoch den Owend am Prisong zu Schraasseg zu enger Rebellioun koum, wieren déi Responsabel elo an Eenzelhaft gesat ginn. Dat schreift de Justizministère an engem Communiqué.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen