Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Westerman - Think I'll Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Historiker Denis Scuto boykottéiert d'WM am Katar

Fussball-WM

Den Historiker Denis Scuto boykottéiert d'WM am Katar

Den Denis Scuto wäert d'WM am Katar boykottéieren, seet den Historiker a fréiere Fussballnationalspiller. Hien erwaart sech der Regierung ee klore Message, datt si fir d'Demokratie a Mënscherechter asteet.

auto_stories

1 min

Den Historiker Denis Scuto huet fréier fir d'Fussballnationalekipp gespillt

Den Historiker Denis Scuto wäert keng Matcher kucken, wann d'Futtball-Weltmeeschterschaft e Sonnden am Katar ugeet. Hien hätt perséinlech decidéiert déi WM ze boykottéieren, well de Katar d'Organisatioun vum Tournoi mat korrupte Methode kaf hätt.

Den Unisproff, dee fréier selwer an der Futtballnationalekipp gespillt huet, erwaart sech awer och e klore Message vun der Lëtzebuerger Politik un d'Gaaschtland vun der WM:

"De Katar ass eng absolutt Monarchie. Dat ass keng Demokratie. Mir mussen eigentlech kloer Zeeche setzen, datt mir asti fir Mënscherechter, fir Demokratie, an dat muss een och am Kader vun esou enger Weltmeeschterschaft kloer soen."

Den Denis Scuto hieft am 100,7-Interview d'Wichtegkeet vun der Demokratie nach eng Kéier ervir:

"Mir hunn zanter Februar e Krich an der Ukrain. Mir hunn Entwécklungen, déi d'Demokratie bedreeën innerhalb vun demokratesche Länner. Stéchwuert: Trump, oder wann een hei an Europa kuckt, wat a verschiddene Memberstaaten, wéi Ungarn leeft. Fir mech ass dofir einfach de Moment, wou ee bedéngungslos an ouni Kompromësser fir Demokratie, fir Bierger- a fir Mënscherechter muss astoen."


Lauschtert dem Denis Scuto säi Fräie Mikro "Boykottéiert d'WM, ënnerstëtzt de Fussball" hei.