Sozialwahlen 2019 Den Esprit vun der Demokratie an der Entreprise war emol

An enger Société Anonyme, bei där de Staat iwwer 25 Prozent vun de Parten huet, muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. D'Gesetz gëtt awer dacks net respektéiert. Wéi et schéngt, well kee seng Applikatioun afuerdert. An engem Fall soll dat elo trotzdeem geschéien: D'Luxtram S.A. wëllt hir Statuten elo upassen.

Pia Oppel / cbi

Eng Versammlung
D'Personal muss, ënner bestëmmte Konditiounen, am Verwaltungsrot vertruede sinn. Foto: Bigstock / fizkes.

De Code du Travail ass kloer: An enger reng privater S.A. vun iwwer 1.000 Salariéë muss d'Personal am Verwaltungsrot vertruede sinn. Bei S.A.e mat iwwer 25 Prozent staatlecher Bedeelegung spillt d'Gréisst keng Roll. Déi Reegele sinn 1974 ageféiert ginn, erkläert de Jurist an Expert am Aarbechtsrecht Jean-Luc Putz.

D'Iddi wier deemools gewiescht, eng Demokratie an der Entreprise ze hunn, fir all Mataarbechter e Matsproocherecht ze ginn. An deene concernéierte Verwaltungsréit sollen d'Personalvertrieder vollwäerteg Membere sinn, e vollt Stëmmrecht hunn a bei all Decisioun dierfe matschwätzen, seet de Jean-Luc Putz.

Wou huet d'Regierung iwwer 25 Prozent Parten?

D'Regierung muss d'Entreprisen, déi d'Critèren erfëllen, an engem groussherzoglechen Arrêté festhalen: Op där Lëscht stinn d'Luxair, Luxairport, d'Cegedel (déi no enger Fusioun 2009 Creos heescht an elo zum Grupp Encevo gehéiert), d'SES an d'CLT (haut: CLT-UFA).

Et feelen: 17 anonym Societéiten, bei deenen de Staat eegenen Angaben no méi wéi ee Véierels vun de Parten huet. Dorënner Luxconnect, LuxGovsat, Luxtrust, Encevo a Luxtram.

"Gesetz ass Gesetz"

D'Regierung hätt eigentlech d'Obligatioun d'Gesetz ze applizéieren. Een Ermoossensspillraum wier net virgesinn, seet de Jean-Luc Putz.

"D'Gesetz ass nun emol d'Gesetz. An et gëtt ee Prinzip, datt ee Gesetz net 'désuet' ass, also mat der Zäit awer gëllt, och wann et haut vläicht net méi adaptéiert ass." Et misst een d'Gesetz éischter änneren, wéi et einfach de facto net unzewenden, mengt de Jurist.

Luxtram: Personalvertriedung net am Verwaltungsrot

Firwat gëtt d'Gesetz net applizéiert? Wéi et schéngt well keen dono freet. Dat weist d'Beispill vu Luxtram, wou den Ament zwar ee Sozialkonflikt herrscht, d'Thema awer trotzdeem net op d'Dagesuerdnung koum. Eréischt no enger Ufro vum radio 100,7 beim Mobilitéitsministère koum d'Äntwert, et wier effektiv vergiess sinn, sech hei "en confirmité" setzen. Dat géif elo nogeholl ginn.

De Luxtram-Generaldirekter André Von der Marck confirméiert, datt déi entspriechend Prozeduren elo an d'Weeër geleet ginn. Als éischt misst d'Regierung den entspriechenden Arrêté grand-ducal upassen. Wann d'Statute vu Luxtram da geännert goufen, da géif een d'Personalvertriedung mat an de Verwaltungsrot integréieren.

Luxtram wier eng jonk Societéit an hätt eréischt zanter 2016 eng Personaldelegatioun, betount den André Von der Marck: Ob hie sech bewosst war, datt d'S.A. d'Gesetz während véier Joer net applizéiert hätt, wëllt de Generaldirekter net kommentéieren. Hie sträicht ervir, datt dës Ännerung awer extrem positiv wier, an datt d'Gouvernance vu Luxtram doduerch verbessert géif ginn.

Net all Match gëtt am Verwaltungsrot gemaach

Et wier duerchaus wichteg fir d'Gewerkschaften, fir a Verwaltungsréit vertrueden ze sinn an do fréizäiteg iwwer Decisiounen informéiert ze ginn, seet de Christian Sikorski vum OGBL. Mee d'Gewerkschaften hätten am Fall Luxtram bis elo net gefuerdert, datt d'Gesetz agehale gëtt. De Verwaltungsrot wier zwar eng wichteg Plaz, "mee de Match gëtt net am Verwaltungsrot gemaach". D'Loun- an Aarbechtskonditiounen tëschent de Sozialpartner géifen um Niveau vun de Verhandlunge vum Kollektivvertrag decidéiert ginn, esou de Christian Skiorski. "Et ass do, wou de Match gemaach gëtt".

Datt d'Thema grondsätzlech keng Prioritéit méi huet weist och, datt am Kader vun der Reform vun 2015 iwwer de Sozialdialog an de Betriber d'Fro vum Matsproocherecht an de Verwaltungsréit kaum ugeschwat gouf.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Estelle Winter, Dores Azeredo
Sozialwahlen 2019

D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss Mobilitéit erwaart ginn.

Chambre des Salariés
Sozialwahlen 2019

All Betrib mat iwwer 15 Salariéë muss eng Personaldelegatioun hunn. Hir Aufgab ass et, fir d'Interesse vun de Salariéen a Saachen Aarbechtskonditioune géintiwwer dem Patron ze vertrieden.

Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis
Bausecteur

Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

Jean-Jacques Rommes
Wirtschaft a Soziales

Dës Attitüd vun der Regierung kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

Laurent Mertz
Sozialwahlen

D'ALEBA ass der Meenung, datt deen zousätzleche gesetzleche Congésdag och am Banken- an Assurancësecteur fälleg ass, seet de Generalsekretär vun der Gewerkschaft Laurent Mertz.

Websäite vu Gewerkschaften
Sozialwahlen 2019

Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner Lëtzebuerger, Frontalieren an Auslänner. D'Villsproochegkeet ass een Thema, dat d'Gewerkschafte berücksichtegen.

Patrick Dury
Sozialwahlen 2019

Dem OGBL géif et net ëm eng Eenheetsgewerkschaft goen, mee ëm eng eenzeg Gewerkschaft, seet den LCGB-President Patrick Dury. D'Zesummenaarbecht aus der Vergaangenheet hätt den OGBL op en Enn bruecht.

Konferenz clc iwwer d'Sozialwahlen
Sozialwahlen

Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? D'confédération luxembourgeoise du commerce liwwert Äntwerten.

Andre Roeltgen
Sozialwahlen

Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Salariatskammer stellen, seet den André Roeltgen. Hie wëllt awer net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

Jean-Claude Reding
Sozialwahlen 2019

No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Bréifwahl
Sozialwahlen 2019

264 Kandidate vu sechs Gewerkschafte gi mat an d'Wahle fir d'Salariatskammer. Déi 60 Membere vun der CSL ginn am Mäerz per Bréifwahl gewielt. Wahlberechtegt sinn 526.476 Salariéen a Pensionéierter.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen