Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ëmsaz geet erof

Coronavirus

Den Ëmsaz geet erof

Wéinst dem neiaartege Coronavirus rechent d'Horesca mat iwwer 40 Prozent manner Ëmsaz fir de Secteur vun den Hoteller, Restauranten a Caféen hei am Land, esou de Generalsekretär François Koepp. D'Annulatioune géife bei bis zu 60 Prozent leien. Nei Reservatioune géifen et keng ginn.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Betraff wieren an éischter Linn déi Betriber, déi mat Geschäftstourismus schaffen, esou de François Koepp. Dat well eng ganz Rei Evenementer ofgesot ginn an et Reesverbueter ginn. Dowéinst géifen et vill Annulatioune ginn.

De François Koepp schwätzt vun engem Réckgang vu 40 Prozent vun den Aktivitéiten a 40 bis 60 Prozent Annulatioune vun de Reservatiounen. "An de Problem ass, et komme keng nei Reservatiounen no."

Net nëmme Reservatioune falen aus

Dat géif mat sech bréngen, datt den Ëmsaz souguer ëm iwwer 40 Prozent wäert zeréckgoen, esou den Horesca-Generalsekretär. Dat well bei villen Annulatiounen och zousätzlech Aktivitéite géifen ewechfalen: zum Beispill Konferenzen, wou och en Iesse mat derbäi war.

"An déi sinn elo mol zu engem ganz groussen Deel ofgesot ginn, awer net nëmmen am Zentrum, och iwwer Land gëtt et eng Partie Betriber, déi ganz staark dovu betraff sinn, wou grouss Gesellschaften alles wat se haten, annuléiert hunn, wou dann op e Coup 50 Zëmmeren annuléiert ginn, fir dräi véier Nuechten."

D'Decisioun vun Entreprisë fir wéinst dem Coronavirus verstäerkt op Télétravail ze setzen, wäert een Afloss op Restauratiounsbetriber kréien, kënnegt den Horesca-Generalsekretär un. Doduerch géif ee gesinn, datt am Zentrum verschidde Betriber vun engem Réckgang vum Ëmsaz géife schwätzen.

Onkloerheet am Secteur

Et misst een awer déi ganz Auswierkungen nach ofwaarden, esou de François Koepp. "Mee och déi Betriber, wa se da getraff wieren, wäerte vum Chômage partiel kënne profitéieren."

Vill Horesca-Betriber géife sech Suerge maachen, wat mat hire Mataarbechter geschitt, seet de François Koepp. Froen an deem Kontext, an och wat d'Hygiènesreegelen ugeet, sollen an den nächsten Deeg zesumme mat der Regierung analyséiert ginn.

Am Horesca-Secteur sinn eng 2.800 Betriber aktiv: si beschäftege ronn 20.000 Leit.