Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ëmgang vun der EU mam Terrorismus

Europawahlen 2019

Den Ëmgang vun der EU mam Terrorismus

Paräis, Bréissel, Nice, Stroossbuerg, Berlin, Barcelona: d'Lëscht vun den europäeschen Stied, déi vum Terrorismus getraff goufen ass laang - an d'Regierungen uechter Europa hunn ëmmer nees mat neie Sécherheetsmesurë reagéiert. Mee wéi sinn d'EU-Kommissioun an d'Europaparlament mat der terroristescher Menace ëmgaangen?

auto_stories

3 min

Wéi de Jean-Claude Juncker viru fënnef Joer de Programm vu senger Kommissioun am Europaparlament presentéiert huet, huet de Kampf géint den Terrorismus net zu senge Prioritéite gehéiert - mee dat sollt sech séier änneren.

Anti-Terrorismus ass eng Prioritéit ginn

Am Januar 2015 hunn zwee Islamisten zu Paräis an der Redaktioun vun der Satirzeitung Charlie Hebdo ëm sech geschoss. Dëst Attentat war dat éischt an enger Serie vun terroristeschen Attacken an der EU, bei deenen an de leschte fënnef Joer iwwer 350 Leit ëm d'Liewe koumen - ënner anerem zu Paräis, zu Bréissel, zu Nice an zu Barcelona.

D'EU-Kommissioun an d'EU-Parlament hu parallel hir politesch Efforte verstäerkt fir géint den Terrorismus virzegoen. De Manuel Navarrete, Chef vum Europäeschen Anti-Terrorismus-Zenter vun Europol seet, datt zanter den Attentater zu Paräis an an der Belsch vill politesch Mesuren ëmgesat goufen. "D'EU-Kommissioun war ganz aktiv an huet vill Gesetzesvirschléi gemaach fir den Terrorismus ze ënnerbannen an ze bekämpfen."

Konkret Mesuren

Och d'Europaparlament wier aktiv gewiescht, "virun allem fir den Austausch tëschent de Sécherheetssystemer vun den eenzele Memberlänner ze verbesseren", präziséiert de Manuel Navarrete. Et wier drëm gaange fir sécherzestellen, datt all d'Staaten "un engem Strang zéie" fir den Terrorismus ze bekämpfen.

Ee Beispill dofir ass en Anti-Terror-Gesetz, dat d'Europaparlament viru gutt zwee Joer gestëmmt huet: An dësem Gesetz ass eng Lëscht vun terroristeschen Akte beschriwwen, déi iwwerall an der EU strofbar sinn. Op déi Manéier soll verhënnert ginn, datt déi eenzel EU-Länner mat verschiddenen Definitioune schaffen, wann et ëm Terrorismus geet.

Et bleiwen Onkloerheeten

Dëse Schrëtt gouf ënner anerem vun der liberaler EU-Deputéiert Nathalie Griesbeck begréisst. Mee net jiddweree gesäit esou Anti-Terror-Mesuren als renge Progrès. Den Droitsprofesser Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg gëtt zum Beispill ze bedenken, den Informatiounsaustausch tëschent den nationale Forces de l'ordre wier vereinfacht ginn, ouni datt kloer wier, wéi eng Geriichter dofir zoustänneg si fir ze iwwerpréiwen, ob d'Rechter vun de Bierger dobäi agehale ginn.

"Diese Systeme sollen jetzt miteinander interoperabel sein. Dann müsste man klären: wo ist denn der allgemeine Rechtsschutzrahmen, der für die europäischen Bürger diesen Datenaustausch überprüfbar macht?"

Fräiheet oder Sécherheet?

Den Droitsprofesser vun der Uni Lëtzebuerg warnt virun enger ëmmer méi grousser Kontroll vun de Bierger, d'Anti-Terror-Gesetzer vun de leschte Jore géifen drop hindeiten, datt et en Desequiliber tëschent der Fräiheet op där enger Säit an der Sécherheet op där anerer Säit gëtt, meeschtens zu Gonschte vun der Sécherheet.

Wéi dës Wo an den nächste fënnef Joer op EU-Niveau ausschléit, hänkt net nëmmen dovun of, wéi d'Europawahlen ausginn, mee och dovun, ob et an den nächste fënnef Joer ähnlech vill Terror-Attacke ginn, wéi dat an de leschte Joren de Fall war.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.