Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Napoleon Gold - Lucid Feat. Jalen Santoy & Madge

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den éischte "Lëtzebuerger" Europäesche Procureur

Europäesche Parquet

Den éischte "Lëtzebuerger" Europäesche Procureur

D'Erwaardungen un den Europäesche Parquet fir Suen ze recuperéieren, déi der EU duerch Fraude bei der TVA oder bei Subventioune verluer ginn, si grouss. Dat seet de Gabriel Seixas, dee vu Lëtzebuerg an de Collège vun den Europäesche Procureuren nominéiert ass. Hie fänkt den 1. September beim Europäesche Parquet u mat schaffen. Et wieren awer wéineg Affäre fir Lëtzebuerg ze erwaarden, déi vum neien Europäesche Parquet géife kommen.

auto_stories

4 min

De Gabriel Seixas, dee bis elo als Magistrat fir d'Cellule de reseignement financier (CRF) geschafft huet, ka sech net virstellen, datt ee vill där Affären zu Lëtzebuerg wäert hunn, bei deenen d'EU Sue kéint recuperéieren. Den Ënnerscheed tëschent der TVA, déi geschëlt ass, an der TVA, déi tatsächlech erakënnt, ass zu Lëtzebuerg ganz kleng.

Lëtzebuerg hätt deen zweetniddregsten TVA-Gap a ganz Europa, esou de Gabriel Seixas. Dat wiere just 0,7 Prozent vun der TVA, déi zu Lëtzebuerg net géif erakommen, wat ongeféier 20 Milliounen Euro entsprécht.

"Dat ass net vill par rapport zu anere Länner, wou et ëm dausende Milliounen Euro geet. Dowéinst hu mir bis elo ganz wéineg, wann net ze soe guer keng där doten Affären zu Lëtzebuerg gehat."

D'Aufgab vum Europäesche Parquet

Den Europäesche Parquet, dee säi Siège um Kierchbierg kritt, mécht strofrechtlech Enquêten, wa Verdacht op Korruptioun oder Fraude am Zesummenhang mat Gelder aus dem EU-Budget besteet. Dat kënnen op der Recette-Säit eben TVA-Fraudë sinn, mee awer och, wann en europäesche Marché public oder europäesch Subventiounen attribuéiert ginn, mee net esou genotzt ginn, wéi se sollten, ënnerschloe ginn oder wa falsch Piècen ofgi ginn.

Déi zentral Instanz vum Europäesche Parquet schafft op nationalem Niveau mat sougenannten delegéierte Procureuren zesummen, déi d'Affären duerno och an hire respektive Memberstaate viru Geriicht bréngen a plädéieren. Wien dat zu Lëtzebuerg gëtt steet nach net fest, well d'Prozedur fir Kandidaturen eréischt opgeet.

Als Member vum Collège des procureurs ass de Gabriel Seixas Member vun enger vun de permanente Chambres, déi d'Affären ënnersichen. Wéinst der Natur vun deenen Affären - Korruptioun an organiséiert Kriminalitéit - wäert hien herno näischt mat Lëtzebuerger Dossieren ze dinn hunn.

40-60 Milliarden Euro ginn all Joer verluer

D'EU-Kommissioun schätzt, datt all Joer eng 40 bis 60 Milliarden Euro duerch d'TVA-Fraude verluer ginn, an nach emol e puer honnert Milliounen iwwer eng falsch Distributioun vun EU-Fongen a Subventiounen.

Déi europäesch Anti-Fraude Agence Olaf huet esou Dossieren och schonn an der Vergaangenheet ënnersicht, mee dat wier en administratiivt Organ, seet de Gabriel Seixas, an déi géifen administrativ Enquêtë maachen.

"Déi sinn do effektiv fir d'Fraudë géigeniwwer dem EU-Budget ze identifizéieren an ze ermëttelen. Si hunn awer kee Pouvoir de contrainte. Si kënne keen dozou zwénge fir Dokumenter erauszeginn, respektiv gehéiert ze ginn. An déi kënnen och duerno keng Poursuitte maachen."

Ongeféier 200 Milliounen Euro gi confisquéiert oder rembourséiert

Dowéinst ass ee vu de Problemer, datt d'Suen nëmme seele kënne recuperéiert oder confisquéiert ginn. Dat huet och e Spezialrapport vun der Europäescher Cour des comptes d'lescht Joer erginn. Dora gouf festgestallt datt:

"Tëschent 2009 an 2016 huet Olaf bësse méi wéi 500 Recommandatiounen ausgestallt, fir datt et zu Poursuitte kënnt. Et ass esou, datt just 36 Prozent vun deene Recommandatiounen effektiv zu enger Suite geféiert hunn, ënner der Form vun enger Citatioun oder engem Renvoi viru Geriicht."

Statistiken doriwwer, wéi vill Condamnatiounen et gouf, léiche keng vir, esou de Gabriel Seixas. Et wieren ongeféier 200 Milliounen Euro, déi confisquéiert oder rembourséiert ginn. Dat wier relativ wéineg, wann ee sech virun Aen hält, vu wéi enge Montanten ee géif schwätzen. Dofir mengt den Europäesche Procureur vu Lëtzebuerg, datt dat de ganzen Challenge vum Europäesche Parquet wier.

Bis elo wier et och esou gewiescht, datt all Land seng eegen Approche gehat hätt fir Affären ze poursuivéieren oder net. Et hätt och un internationaler Kooperatioun gefeelt an dësen Dossiere fir einfach weiderzekommen, oder fir eng richteg Zentralisatioun ze maachen.

"Et gëtt vum Europäesche Parquet deemno erwaart, datt eng eenzeg europäesch Äntwert bruecht gëtt an eng eenzeg Approche do ass, fir déi Dossieren dann och harmoniséiert an homogen opzeschaffen."