Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Educatiounsministère preparéiert sech op ukrainesch Schüler

Ukrain-Krich

Den Educatiounsministère preparéiert sech op ukrainesch Schüler

Den Educatiounsministère bereet sech vir, op d'Arrivée vu Kanner a Jonken aus der Ukrain. "Mir mussen eis drop astellen, datt et der vill sinn", esou de Premier Conseiller de Gouvernement Pierre Reding. Et wier e gutt preparéiert, fir datt déi geflüchte Kanner esou séier wéi méiglech an d'Schoul kënne goen. Et géif ee sech d'Kanner ukucken an et géif ee mat der ukrainescher Gemeinschaft hei am Land iwwer de Schoul-System an der Ukrain schwätzen, fir datt d'Schoulen op d'Arrivée vun de Kanner a Jugendleche kënne preparéiert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Éischt Kanner, déi virum Krich aus der Ukrain geflücht sinn, wiere schonn hei am Land, esou de Pierre Reding vum Educatiounsministère. Ënner anerem zu Klierf wiere scho Kanner ënnerkomm. "A mir hunn och Schoulen, déi gëeegent sinn, zum Beispil anglophone Klassen, déi extra gutt gëeegent wiere fir déi Kanner z'ëmfänken."

Et misst een awer och kucken, wat d'Kanner an der Ukrain scho geléiert hunn, esou de Beamten aus dem Ministère. Verschiddener kéinte vläicht schonn däitsch, anerer kënnen eventuell nach net eist Alphabet. All déi Situatioune misst een ofschätzen an de Kanner dann déi beschtméiglech Léierconditioune bidden.

Wa Kanner a Jonker aus der Ukrain a gréissere Strukturen hei am Land liewen, da kann de Ministère sech virstellen, datt d'Lycéeën oder d'Primärschoulen an déi Strukture ginn, fir do Schoul ze halen.

Am Primär vun der internationaler Schoul zu Klierf wier Ufank vun dëser Woch schonn dat éischt Kand aus der Ukrain ageschriwwe ginn, esou den Direkter Jean Billa.

"Dat war eng ganz emotional Geschicht: d'Mamm ass mat hirem Kand aus der Ukrain geflücht an de Papp ass un der Front bliwwen."

Wéi vill Jonker aus der Ukrain een an der Schoul zu Klierf kéint ophuele, dat wier de Moment schwéier ze soen, seet den Direkter. Am Secondaire géif ee elo schonn aus allen Néit platzen. Zu Klierf wier ee preparéiert, op d'Arrivée vun de Kanner a Jonken, déi virum Krich an der Ukrain flüchten.