Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Drock ass do"

Bausecteur

"Den Drock ass do"

Trotz der rezenter Eenegung fir en neie Kollektivvertrag am Bausecteur géif et e groussen Drock gi fir Bauprojeten zu Lëtzebuerg ëmmer méi séier fäerdeg ze kréien. Dat soen de Jean-Luc De Mateis (OGBL) an den Tiago Ferreira (LCGB). Si sinn allebéid am Bausecteur an Handwierk spezialiséiert.

auto_stories

4 min

Den Tiago Ferreira (LCGB) an de Jean-Luc De Matteis (OGBL) kritiséieren allebéid d'ITM.

Den Tiago Ferreira (LCGB) kritiséiert, datt Derogatiounen ugefrot gi si fir och während dem Congé collectif ze schaffen.

Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen

Während den Intemperieszäite géifen et scho Chantiere ginn, déi weiderlafen. "Den Drock ass do, d'Aarbechtscarnete si gefëllt bei den Entreprisen." Et géif och e Mangel u Fachkräften am Secteur ginn, seet den Tiago Ferreira.

Fir de Jean-Luc De Matteis (OGBL) gëtt et kloer eng Tendenz fir déi ëffentlech Soumissioune méi séier ze maachen:

"Fir eis ass dat onverständlech. Et kann net sinn, datt d'Aarbechtskonditioune vun de Leit degradéiert ginn. Mir gesinn net an, datt en ëffentlecht Gebai, dat muss gebraut ginn, dat souwisou nach net do steet, datt do scho während dem Congé collectif muss geschafft ginn, a Schichten, an esouguer Nuets."

Den OGBL wéilt an den nächste Wochen a Méint méi op dës Problematik agoen.

Kritik un ITM: Méi Kontrollen um Terrain

Kritik gouf et vu béide Vertrieder vun de Gewerkschaften och un der Aarbechtsinspektioun. De Jean-Luc De Matteis erkläert, datt den OGBL schonn zanter Joren um "Dumping social" géif schaffen. Et wier wichteg, datt méi Kontrollen um Terrain gemaach ginn.

Den Tiago Ferreira (LCGB) präziséiert: "Et gëtt zanter Joren doriwwer diskutéiert, datt d'ITM hiren Aufgaben net gerecht gëtt." Et wier awer wichteg, datt grad bei den detachéierte Leit, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, verstäerkt Kontrolle gemaach ginn, well "do de Risiko méi grouss ass, datt d'Gesetzer net agehale ginn." Et missten awer och Kontrolle bei de Kollektivverträg gemaach ginn.

Op sozial Kritäre kucken, net op de Präis

Bei dësen auslännesche Firme géif d'Aarbechtsrecht net ëmmer respektéiert ginn. Dacks géif bei de Soumissiounen op de Präis gekuckt ginn, mee dat wier "net dat Bescht fir d'Betriber", kritiséiert den Tiago Ferreira (LCGB). Lëtzebuergesch Firme géifen da vun auslännesche Betriber ënnerbuede ginn, an déi géifen da vum Staat den Zouschlag kréien. "An Zukunft misst een do kucken, datt vläicht op sozial Kritäre gekuckt gëtt, net nëmmen op de Präis." Et missten aner Kritären afléissen, esou den Tiago Ferreira.

Den OGBL hätt Fuerderunge gestallt, datt bei den ëffentlech Ausschreiwungen net just de Präis, mee och sozial Kritären afléissen, seet de Jean-Luc De Matteis. "Mir hate scho geduecht, vläicht kéint een och minimal Präisser asetzen, zum Beispill eng Tonn Bëtong misst dee Präis sinn, d'Sécherheet vun de Leit misst dee Präis sinn." Esou kéint ee Sozialdumping evitéieren.

De Secteur méi attraktiv maachen

De Bau zu Lëtzebuerg boomt. De Secteur huet awer ëmmer méi Schwieregkeete fir Leit ze rekrutéieren. Den Tiago Ferreira (LCGB) mengt, datt de Secteur fir jonk Leit méi interessant gemaach misst ginn. De Salaire, wann een am Secteur ufänkt, géif dacks schonn dem Salaire vun der Fin de carrière entspriechen, an dat wier keng Motivatioun fir jonk Leit, an de Bausecteur ze goen.

Fir de Jean-Luc De Matteis (OGBL) ass d'Attraktivitéit vum Secteur un d'Aarbechtskonditiounen an un de Salaire gebonnen. "Wa mir wëllen, datt e Jonke sech fir de Bau entscheet, fir Handwierker ze ginn, da musse mir him och Perspektive ginn."

Kee wierklechen Ënnerscheed

Op d'Fro, wiem seng Vertrieder ee bei de Sozialwahlen am Mäerz sollt wielen, sot den Tiago Ferreira, datt den LCGB méi no un de Leit wier. De Jean-Luc De Matteis huet deem entgéint gehal, datt den OGBL déi gréisst Gewerkschaft wier.

Béid Gewerkschaftler hu sech an hiren Äntwerten inhaltlech net wierklech ënnerscheet. Béid hunn am Interview eng ähnlech Analys vum Bausecteur gemaach.