Politesche Wocheréckbléck Den Doud vum Grand-Duc Jean an de Budget

D'Tessy Steffen Koenig kuckt zesumme mam Rick Mertens aus der Nooriichteredaktioun zeréck op d'Aktualitéit vun der Woch. Haaptsujet war dës Woch den Doud vum Grand-Duc Jean, dee jee no Generatioun ganz ënnerschiddlech opgeholl gouf. Nom Doud vum Grand-Duc huet dat politescht Liewen dunn e Mëttwoch nees Faart opgeholl: de Staatsbudget huet dës Woch misse an der Chamber gestëmmt ginn.

Rick Mertens / cz

Rick Mertens
Rick Mertens

Trotz Staatstrauer hunn d'Deputéiert um Krautmaart dës Woch iwwer den definitive Staatsbudget fir dëst Joer debattéiert - a gëschter ass en och gestëmmt ginn. Grouss Iwwerraschunge gouf et dobäi keng. De Budgetsrapporter André Bauler vun der DP, hien huet d'Regierung gelueft, well se géif déi richteg Weiche stellen - zum Beispill andeems se méi an d'Mobilitéit, de Klimaschutz an an d'Educatioun investéiert. Donieft huet hien eng Rei Recommandatiounen am Beräich vun der Digitaliséierung gemaach, an hien huet e spezielle Comité gefuerdert, deen déi digital Entwécklung soll iwwerwaachen.

D'Oppositioun huet iwwerdeems am Fong genee déi Saache kritiséiert, déi d'Regierungsparteie positiv duerstellen. D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen huet ëmmer nees ënnerstrach, d'Regierung géif net genuch fir d'"Wuelbefanne" vun de Bierger maachen. Dat géif een zum Beispill och doru mierken, datt de Budget net "nohalteg" wier, an datt vill Depensë fir déi nächst Jore guer net genee chiffréiert wieren. Als Beispill huet si déi nei Klimaziler vun der Regierung genannt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

S.A.R. le Grand-Duc Jean2
Cour Grand-Ducale

De Grand-Duc Jean ass dout: de fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass en Dënschdeg de Moien am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Virlescht Woch ass hie mat enger Longenentzündung an d'Spidol bruecht ginn.

Danièle Weber Réckbléck
EU-Politesche Wocheréckbléck

Eng Woch voller Emotiounen: Vill Äddien - fir déi eng endgülteg, well si net méi kandidéieren, fir déi aner ongewëss, well si net wëssen, ob si erëmgewielt ginn. Mir kucken op dës Woch zeréck.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen