Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump um G20-Sommet

Wirtschaft

Den Donald Trump um G20-Sommet

Zu Hamburg ass de G20-Sommet. Et ass dem Donald Trump seng zweet Auslandsrees als President. Ee vu senge grousse Rendez-vousen zu Hamburg ass dee mam russesche President Vladimir Putin. Wat sinn déi amerikanesch Perspektiven?

auto_stories

2 min

En éischten Indiz vum Donald Trump senger Astellung vis-a-vis vum G20-Sommet zu Hamburg um Freideg koum natierlech op Twitter.

Virum Sommet ass et an engem Message e Mëttwoch ëm den Handel gaangen. D'USA hunn e puer vun de schlechtsten Handelsofkommes an der ganzer Weltgeschicht ënnerschriwwen, sot den US-President op Twitter. Firwat solle mir esou Ofkommes respektéiere mat Länner, déi eis net hëllefen, freet den Trump.

Wéi esou dacks gëtt et op déi Fro an op dëse Message vun 140 Buschtawe méi Froe wéi Äntwerten.

Ëm wéi eng Länner geet et do? Ass dëst d'Meenung vum President fréi moies, nodeems hien de Fernseh am Wäissen Haus ageschalt huet? Oder handelt et sech ëm den neien offizielle Point de Vue vun der amerikanescher Regierung?

Dem Donald Trump säi Slogan ass "America First". Amerika ass d'Prioritéit. Dat heescht gehandelt gëtt just, wa fir d'USA en Avantage do ass.

Wichteg Roll vu China

De President vun dësem neien Amerika ass elo um Sommet vun de räichste Länner. Si all sollen Angscht hu virun engem Amerika, dat sech elo op sech selwer konzentréiert. En Handelsofkommes mat der EU ass esou gutt wéi dout. Den NAFTA, de fräien Handel mat Kanada a Mexiko soll och nei negociéiert ginn.

Wann d'USA net méi wëlle matmaachen, da gëtt et um G20-Sommet eng Méiglechkeet fir aner Länner, fir sech anzemëschen. Europa a China komme sech méi no, zum Beispill.

Den Handel mat China ass och e wichtegt Thema zu Hamburg. Wéinst senge Liene mat Nord-Korea hunn d'USA d'lescht Woch chinesesch Firmaen a Banke bestrooft.

D'USA stinn also zimlech eleng do um G20-Sommet zu Hamburg. Genee wéi vill Membere vum Wäissen Haus et wollten.