Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump lieft an enger paralleller Welt

Chronik

Den Donald Trump lieft an enger paralleller Welt

Iwwer ee Mount no de Walen an den USA an nach ëmmer mengt den Donald Trump hie kéint seng Plaz am Wäissen Haus behalen. De designéierte President Joe Biden bereet sech fir d'Vereedegung vir an den Trump a seng Alliéiert probéiere nach ëmmer ouni iergend ee Succès d'Walresultat ze kippen.

auto_stories

3 min

De Philip Crowther ass 100,7-Korrespondent an den USA. Foto: Archiv

D'Entscheedung gëschter Owend vum Supreme Court, dem héchste Geriicht an den USA, war kloer an unanime. Mat néng Stemmen zu null hunn d'Riichter entscheet, datt et mol net derwäert wier fir d'Argumenter vun de Republikaner ze héieren.

D'Resultat ass kloer

Déi wollten d'Walresultat am Schlësselstaat Pennsylvania net gëlle loossen. Eng Blamage, eng weider fir dem Donald Trump an de Republikaner hir Versich, iergendwéi dat dach zimmlech kloert an natierlech absolut legaalt Resultat vun Ufank November iwwert de Koup ze geheien.

Déi zwou Welte sinn do am Supreme Court openee getraff. Déi eng, eng relativ normal, an där den Joe Biden duerch seng Victoiren an de wichtege Staaten a mat siwe Millioune Stëmme méi wéi den Donald Trump d'Presidentschaftswal an den USA gewonnen huet.

Dat gëtt him elo d'Recht seng Regierung lues a lues ze presentéieren. An dat mécht hien och, a bereet sech op seng Vereedegung zu Washington den 20. Januar vir. Hien ass den designéierte President vun den USA a d'Senatrice Kamala Harris ass déi designéiert Vizepresidentin.

Et ass schlecht fir d'Demokratie

Mee dat si Wierder, déi den Donald Trump, seng Regierungsmemberen a seng Supporter net an de Mond huelen. Si liewen an hirer paralleller Welt.

Och gëschter nach sot de President, et misst een nach gesinn, wien dann elo déi nächst Regierung dierft op d'Been stellen. Dat ass eng Fantasie, natierlech. Oder eng Krankheet. Oder op mannst eng Taktik fir iergendwéi relevant ze bleiwen.

Der amerikanescher Demokratie deet et net gutt datt den Donald Trump nach ëmmer net seng Defaite akzeptéiert huet an dem Joe Biden net ugeruff huet fir him ze felicitéieren, esou wéi dat soll geschéien. Och gouf de Biden net an d'Wäisst Haus agelueden, dat ass och Traditioun.

Republikaner wëlle waarden

An op der Vereedegung kann ee sech den Trump och schlecht virstellen. Et gëtt spekuléiert, datt hien e grousst Evenement iergendwou anescht wéilt organiséieren, villäicht fir seng Kandidatur fir 2024 scho virzestellen. Dat héiert sech domm un, mee wa mir eppes no véier Joer Trump am Wäissen haus geleiert hunn, dann ass et datt et bei him ëmmer anescht kënnt, wéi erwaart.

Supporter wäerten dem Donald Trump net feelen. Mat senger Taktik, déi ganz Wal a Fro ze stellen, huet hien déi ganz Republikanesch Partei mat sech an den Dreck gezunn. Déi mannst Republikanesch Memberen an amerikanesche Kongress hunn dem Joe Biden seng Victoire akzeptéiert. Si wëllen déi vill geriichtlech Prozedure vum Trump a sengen Affekoten ofwaarden, egal, wéi onrealistesch déi all sinn.

Et hat een e bësse méi Rou an der amerikanescher Politik erwaart, mam Joe Biden senger Victoire. Mee déi kennt esou laang den Donald Trump iergendwéi Relevanz behält net esou séier zeréck.