Et sollt wéi déi dräi aner Kéiere virdrun och hei zu Atlanta zu engem Medie-Spektakel ginn. Den Donald Trump huet déi genee Zäit vu senger Verhaftung op senger eegener Plattform annoncéiert. Halwer aacht owes, am amerikaneschen "prime time", sou datt esou vill Leit ewéi méiglech all Moment live materliewe kéinten.
Den Donald Trump war also zu Atlanta am Prisong, zwar just ganz kuerz. All Ugeklote muss sech do presentéieren, kritt d'Fangerofdréck geholl a gëtt fotograféiert. Dat ass de berüümten "mug shot", eng Zort Pass-Foto déi dann och public gemaach gëtt. Dat ass an dësem Fall ganz aussergewéinlech, och den Ex-President gouf an deem Sënn wéi all aner Bierger behandelt. D'Foto, déi geet em d'Welt a geet an déi rezent amerikanesch Geschicht an. Dat gouf et nach ni. Hie gesäit rosen aus op där Foto, an huet se direkt och benotzt fir Fongen ze sammele fir de Walkampf.
D'Prozesser solle virun de Presidentiellen eriwwer sinn
Och gouf et virum Donald Trump nach ni en amerikanesche President deen an engem Kriminalfall ugeklot gouf. Fir hie sinn et elo scho véier Fäll wou hie sech wäert viru Gericht musse verdeedegen, zur nämmlechter Zäit wou hie probéiert nees President ze ginn. De Walkampf ass ënnerwee, mee den Trump gesäit een ausserhalb vu senge Verhaftungen net méi vill. Och beim Debat de Virowend huet hien entscheet net matzemaachen. Do hunn aacht aner Republikaner, dorënner säi fréiere Vize-President Mike Pence sech net richteg getraut den Donald Trump unzegräifen. Hien ass den haushéije Favorit mat engem Avantage vu 40 Prozent géigeniwwer senge Konkurrenten.
Ufank September soll den Trump fir d'éischte Kéier virun de Riichter zu Atlanta kommen. An e Prozess soll theoretesch nach virun de Presidentiellen iwwert d'Bün goen, genee ewéi déi aner dräi Prozesser och.