Chronik Den Donald Trump géint de Rescht vun der Welt

Véiermol bis elo gouf eng Impeachment-Prozedur géint en amerikanesche President ageleet. Dës Kéier ass déi éischt an Zäite vu soziale Medien an enger politesch extrem gespléckter Medielandschaft an den USA. Den Donald Trump probéiert sech mat all méigleche Moyene ze verteidegen.

Philip Crowther (Washington) / cbi

Analys Den Donald Trump
Foto: Stefani Reynolds / CNP

Eng alternativ Realitéit, eng falsch Realitéit, kennt aus dem Wäissen Haus. Den US-President Donald Trump seet, datt e Putschversuch géint hien am Gaang ass. Hie seet, datt e Lanceur d'alerte aus der Regierung falsch Informatiounen hat, an hie seet, datt säin Uruff mam ukrainesche President Zelensky perfekt war.

Dat ass alles falsch. Et si Ligen, soen d'Demokraten, déi d'Impeachment-Prozedur géint den Donald Trump an d'Weeër geleet hunn.

"The perfect call"

Et ass net einfach eng aner Persoun als Ligener ze beschreiwen, mee heiansdo ass et dach evident. Den Donald Trump litt a senger Defense. E Putschversuch gëtt et keen. D'Demokraten hunn e Recht en Impeachment ze woen. Besonnesch, wann d'Informatioune vun engem Member vun den amerikanesche Geheimdéngschter eppes beschreift, dat duerno vum Wäissen Haus selwer beschriwwe gëtt.

An engem Dokument, dat vun der Trump-Regierung public gemaach gouf, gesäit een, datt de President vun den USA säi Géigeniwwer aus der Ukrain ënner Drock gesot huet fir géint säi politesche Géigner Joe Biden ze enquêtéieren. Trotzdem bleift den Donald Trump bei senger falscher Aschätzung, datt den Uruff mam Volodymyr Zelensk perfekt war.

Ukrain a China sollen enquêtéieren

Méi evident gëtt et, wann de President selwer seng Theorie a Fro stellt, en Public viru lafende Kameraen. Esou dësen Donneschdeg Moien. De President seet, hie wollt, datt d'Ukrain eng Enquête géint den Joe Biden start. A China soll dat Nämmlecht maachen.

Net eng, mee zwou Regierungen huet den Trump elo opgeruff, sech an déi amerikanesch Politik anzemëschen. Do brauch ee kee geheime Lanceur d'alerte méi. Dem Whistleblower seng Geschicht ass al. De President huet alles zouginn.

An trotzdem ass dat net genuch fir en Impeachment, fir en Enn vun der Presidence. Den Donald Trump geheit mat wëlle Geschichten a Verschwierungstheorien ëm sech, an déi fannen eng Audienz. Seng Supporter gleewen him, datt hien näischt falsch gemaach huet an datt alles op falschen Informatioune baséiert. Dat ass dem President seng alternativ Realitéit an där hien d'Victime ass, an déi ganz Welt him d'Liewe wëllt schwéier maachen.

An der Mediathéik:

Chronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Donald Trump am September 2019
Ukrain-Affär

Den US-President Donald Trump huet wéinst senge Kontakter mam neien ukrainesche President eng Impeachment-Prozedur ëm den Hals. Ëmmer méi Membere vun der US-Regierung schéngen an de Skandal verwéckelt se sinn.

Donald a Melania Trump um Wee op Dayton an El Pas
No zwee weideren Amokleef

​No den zwee Amokleef de leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. Vill Leit gesinn dem Donald Trump als Matschëllegen un. Den US-President gesäit dat anescht.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen