Radioen

On air

Tockcity  |  Fontaines D.C. - It's Amazing To Be Young

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump als éischte President ugeklot

34 Uklopunkten

Den Donald Trump als éischte President ugeklot

Den Donald Trump ass den Dënschdeg deen éischte fréieren amerikanesche President ginn, deen an engem Geriicht ugeklot gouf. Hien huet an engem Geriichtssall zu New York op onschëlleg plädéiert. Dem Trump gëtt virgehäit Dokumenter gefälscht ze hunn fir Schweigegeld un eng Porno-Actrice ze verstoppen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et si seriö Uklopunkten, 34 am Ganzen, well dem Ex-President gëtt virgehäit dat Schweigegeld net nëmme verstoppt ze hunn, mee och esou senger Walcampagne 2016 net wëllen ze schueden. Et geet also em Fälschung vun Dokumenter, mee och em illegal Walcampagne-Finanzéierung.

Zu engem Prozess kënnt et dëst Joer net, den Donald Trump wäert also méiglecherweis am Waljoer 2024 missen ëm seng Fräiheet kämpfen, vläicht och als President wann hie sollt gewielt ginn. D'Uklo halen hien net dovun of ze kandidéieren oder President ze sinn.

Ganz roueg war den Donald Trump, dat seet ee seelen. Wärend bal enger Stonn déi hie virum Riichter verbruecht huet, huet hie just zéng Wierder geschwat. Owes spéit, no sengem Retour a Florida, huet hien awer a sengem Club sech mat senge Supporter a republikaneschen Offizieller feiere gelooss. Do ass hie méi beléift wei zu Manhattan wou hie kaum Stemme krut am Walkampf.

Keng Gewalt virum Geriichtsgebai

D'USA waren och hei zu Manhattan ganz symbolesch an zwee gespléckt. Am Park virum Geriichtsgebai goufe Barrièren opgestallt fir zwou Gruppen auserneen ze halen, dem Trump seng Supporter op där enger Säit, an op där anerer déi déi seng Verhaftung gefeiert hunn. Zu physeschen Ausernanersetzunge koum et net, mee vill gejaut gouf schonn. Zënter dem Stuerm op de Kapitol gëtt ëmmer nees gefaart, datt den Donald Trump seng Supporter kéint ustëppele fir mat Gewalt hier Frustratioun ze weisen.

Et kéint nach méi komplizéiert gi fir den Trump: et gëtt weider Enquêtë wou den Ex-President och kéint ugeklot ginn.